An Holland ass e Sonndeg Ronde van Drenthe iwwer 158,1 Kilometer vu Beilen op Drijber gefuer ginn.

Bei der Victoire vun der Hollännerin Lorena Wiebes ass d'Lëtzebuergerin Christine Majerus op déi 9. Plaz gefuer. Op de Plazen zwee an dräi klasséiere sech d'Elisa Balsamo a d'Puck Fenix Pieterse.

D'Christine Majerus huet sech um Sonndeg nees ganz an den Déngscht vun hirer Ekipp gestallt. D'Lëtzebuerger Championne war ëmmer vir mat bäi an huet um Enn dem Lorena Wiebes de Sprint ugezunn. Déi mat hirer Victoire den Dag fir SD Worx perfekt ofgeschloss huet.