Jasper Philipsen setzt sech am Sprint duerch

© AFP
De Belsch konnt sech am Massesprint virum Michael Matthews an dem Tadej Pogačar behaapten. Den Arthur Kluckers war dogéint an eng Chute verwéckelt.
Op der 115. Editioun vun der traditioneller Course ass et op der Arrivée zu Sanremo no 288 Kilometer eng Victoire am Sprint fir de Jasper Philipsen ginn. Fir de belsche Coureur ass dat den éischte Succès beim italieenesche Klassiker. Den Alex Kirsch ass mat engem Retard vu 4:40 Minutten op déi 102. Plaz gefuer an den Arthur Kluckers huet op Grond vun enger Chute ronn 40 Kilometer viru Schluss virzäiteg missen ophalen.
Nom Depart zu Pavia hate sech d'Coureure lues a lues op d'Montée vum Passo del Torchino virbereet, op där et tëschenduerch bis zu 10% eropgaangen ass. E Spëtzegrupp vun 10 Coureuren huet hei de Sommet als Éischt passéiert a konnt sech duerno och fir eng gutt Zäit virum Peloton halen. All Kilometer méi an de Been huet de Virsprong awer ëmmer weider verklengert. De Peloton huet sech sou zesummen op déi lescht 20 Kilometer gemaach. Net méi mat dobäi war allerdéngs den Arthur Kluckers, dee kuerz virdrun an eng Chute mat zwee anere Coureure verwéckelt war. De Lëtzebuerger Coureur konnt d'Course doropshin net méi op en Enn fueren.
Op der Arrivée ass d'Decisioun dann am Massesprint gefall. De Jasper Philipsen aus der Belsch hat no gutt sechs Stonnen nach déi meeschte Kraaft an de Been a konnt sech domat um Enn seng éischte Victoire beim italieenesche Klassiker sécheren. Zweeten ass de Michael Matthews aus Australien ginn an déi drëtt Plaz war fir den Tadej Pogačar.
D'Top 10
1 PHILIPSEN Jasper 6:15:45
2 MATTHEWS Michael ,,
3 POGAČAR Tadej ,,
4 PEDERSEN Mads ,,
5 BETTIOL Alberto ,,
6 MOHORIČ Matej ,,
7 VAN GILS Maxim ,,
8 STUYVEN Jasper ,,
9 ALAPHILIPPE Julian ,,
10 VAN DER POEL Mathieu ,,
102 KIRSCH Alex 4:40
DNF KLUCKERS Arthur