Tim Diederich begeeschtert vum Gravel Bike
Dëse Mix aus Cyclocross a Coursevëlo gëtt ëmmer méi populär an zënter zwee Joer gëtt et eng offiziell Weltmeeschterschaft vun der UCI.
Zanter e puer Jore gëtt et am Vëlosport eng nei Disziplin. De Gravel Bike, e Mix tëscht Cyclocross a Coursevëlo gëtt ëmmer méi populär. Op Courssen treffe Profisportler op Amateuren an deele sech de selwechte Parcours duerch Bëscher, Wisen, Stroossen a Feldweeër.
Zanter 2 Joer gëtt et mam Gravel Bike eng offiziell WM vun der UCI an den Tim Diederich war béid Kéieren dobäi. De 34 Joer ale Schoulmeeschter huet vun der Fuesvakanz profitéiert, fir a Spuenien ze trainéieren an eng éischt Course ze fueren. Hie war ee vu gutt 300 Männer, déi un den Depart gaange sinn, wéi zu Girona d'Saison um Kräsi ugefaangen huet.
Zanter e puer Joer ass den Tim Diederich de stäerkste Lëtzebuerger Amateur, och schonns d’Flèche du Sud oder den Tour de Luxembourg gefuer, ma déi nei Disziplin begeeschtert hien.
Mat moderne Vëloen awer soss wéi ganz fréier ass een op schlechte Weeër ënnerwee an zimmlech op sech gestallt. Um zweeten Dag huet den Tim Diederich seng Carbonsfelge futti gefuer an huet missten opginn. Hëllef vu baussen ass nämlech just op den 2-3 Ravie méiglech. Mat der Hëllef an der Felge vun engem belsche Kolleeg huet hie sech am Nomëtteg d’Roserei aus de Bee gefuer an huet um Sonndeg als 27. déi drëtt a lescht Etapp genoss.
Nieft 27 offiziellen UCI-Coursse mat der EM a WM ginn an der Gravel Earth Series eng 20 weider Courssen uechter d’Welt organiséiert. Wéi bei engem Marathon oder Ironman ka jiddereen un dësen Evenementer deelhuelen.