Nieft dem Schlussklassement huet den Tadej Pogacar och déi lescht Etapp am Sprint gewonnen. De Michel Ries hat als 103. e Retard vun iwwer 7 Minutten.

Déi 103. Editioun vum Tour duerch Katalounien gouf vum Tadej Pogacar (UAE Team Emirates) gewonnen. De Sloween huet den Tour dominéiert a war och op der leschter Etapp net ze schloen.

No de ronn 145 Kilometer ronderëm Barcelona huet de Pogacar sech am Sprint virum Dorian Godon (Decathlon AG2R La Mondiale Team) an dem Guillaume Martin (Cofidis) duerchgesat. De Michel Ries huet sech op der leschter Etapp op der 103. Plaz klasséiert. Hien hat e Retard vu 7 Minutten an 18 Sekonnen.

Am General gouf de Spuenier Mikel Landa (Soudal Quick-Step) den Zweeten. Hien hat e Retard vun 3 Minutten an 41 Sekonnen op de Pogacar. Den Egan Bernal (INEOS Grenadiers) huet de Podium komplettéiert. Hien hat e Réckstand vu 5 Minutten an 3 Sekonnen op de Vainqueur vun der Course. De Michel Ries huet den Tour duerch Katalounien op der 60. Plaz ofgeschloss.

Den Tadej Pogacar huet sech och nach de Maillot vum beschte Sprinter a vum beschte Biergfuerer geséchert.

D'Klassement vun der leschter Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 3:15:23
2 GODON Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
3 MARTIN Guillaume Cofidis ,,
4 WILLIAMS Stephen Israel - Premier Tech ,,
5 KONRAD Patrick Lidl - Trek ,,
6 HIGUITA Sergio BORA - hansgrohe ,,
7 GONZÁLEZ David Caja Rural - Seguros RGA ,,
8 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious ,,
9 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
10 POELS Wout Bahrain - Victorious ,,
...
103 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels +7:18

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 28:21:29
2 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +3:41
3 BERNAL Egan INEOS Grenadiers +5:03
4 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe +5:56
5 MAS Enric Movistar Team +6:01
6 HARPER Chris Team Jayco AlUla ,,
7 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ +6:02
8 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious +6:33
9 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
10 FORTUNATO Lorenzo Astana Qazaqstan Team +7:27
...
60 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels +50:39