Bei der Eendagescourse am spueneschen Estella war de Brandon McNulty méi séier wéi de Maxim van Gils. De Michel Ries an de Bob Jungels waren och um Depart.

Bei der 33. Editioun vum Gran Premio Miguel Indurain huet de Brandon McNulty seng drëtt Victoire am Joer 2024 gefeiert. Den Amerikaner huet sech am Sprint géint de Belsch Maxim van Gils behaapt. Drëtte gouf de Britt Oscar Onley.

Iwwer laang Zäit louch eng Echappée mat 9 Coureuren un der Spëtzt, déi 15 Kilometer virun der Arrivée, bei der Montée op de leschte Bierg, agefaange gouf. An der Descente duerno hat sech fir d'éischt de Brandon McNulty ofgesat, éier de Maxim van Gils nosetze konnt. No 198 Kilometer hat den Amerikaner am Sprint awer déi méi séier Been a verweist de Belsch van Gils op déi zweet Plaz. Mat e puer Sekonne Réckstand ass den Oscar Onley iwwer de wäisse Stréch gerullt, knapp virum Spuenier Ion Izagirre.

Op Lëtzebuerger Säit waren de Bob Jungels an de Michel Ries um Depart. De Jungels huet sech op der 62. Plaz klasséiert (+ 3:21) an de Michel Ries gouf 90. (+ 9:47).

D'Klassement vun der Course

1 MCNULTY Brandon 125 4:55:48
2 VAN GILS Maxim ,,
3 ONLEY Oscar 0:02
4 IZAGIRRE Ion 0:06
5 RYAN Archie 0:08
6 BATTISTELLA Samuele 0:16
7 CHAMPOUSSIN Clément ,,
8 CRAS Steff ,,
9 SCHACHMANN Maximilian ,,
10 BARCELÓ Fernando ,, 
...
62 JUNGELS Bob 3:21
90 RIES Michel 9:47