Arno Wallenborn séchert sech d'Schlussvictoire

© Regionalekipp
Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg ass an der Belsch an zu Lëtzebuerg den Arden Challenge gefuer ginn.
No 5 Etappen huet sech de Lëtzebuerger Arno Wallenborn d'Schlussvictoire geséchert. De Coureur vun der Regional Ekipp Lëtzebuerg war op der éischter Etapp deen 2. ginn an hat sech den Dag drop mat enger Victoire en solitaire zu Wolz de Giele Maillot vum Leader geséchert. De Lëtzebuerger hat sech iwwert d'Lëtzebuerger Koppen ewech eng 40 Kilometer virun der Arrivée vu senge Konkurrenten ofgesat.
Bis e Sonndeg huet den Arno Wallenborn seng Positioun un der Spëtzt vum General verdeedegt. No senger Victoire gënnt sech de Lëtzebuerger elo e bësse Rou, fir sech dann op d'Flèche du Sud ze konzentréieren. Hei huet de jonke Lëtzebuerger virun allem d'Kinneksetapp am Éislek an d'Viséier geholl.
Mam Tom Paquet konnt nach e weidere Lëtzebuerger eng Etapp beim Arden Challenge gewannen. E Samschdeg war hien als Éischten iwwert d'Arrivée gefuer.
Andréck vun der Etapp zu Wolz mat der Victoire vum Arno Wallenborn