De Weekend steet am Cyclissem Paris-Roubaix um Programm. Nieft den Hären e Sonndeg gëtt e Samschdeg och d'Dammecourse gefuer.

Mat um Depart si mam Christine Majerus an dem Nina Berton och zwou Lëtzebuergerinnen, déi allen zwee mat ënnerschiddlechen Emotiounen an déi ronn 150 Kilometer eraginn.

Virschau Paris-Roubaix - Dammen / Reportage Sam Rickal

Fir déi eng ass et déi éischte Kéier Paris-Roubaix, fir déi aner déi leschte Kéier. D'Christine Majerus hält no der Saison op. Paris-Roubaix kräizt sech d'Lëtzebuerger Championne ëmmer déck am Kalenner un. D'Zil fir si an hir Ekipp SD Worx ass et mam Lotte Kopecky ëm d'Victoire mat ze fueren.

D'Christine Majerus viru Paris-Roubaix
D'Christine Majerus hält no der Saison op.

"Ech mengen et ass kee Geheimnis, dass dat eng vu menge Liblingscourssen ass. Mir hu se nach ni gewonnen, obwuel mer oft dee stäerkste Coureur am Peloton haten. Vläicht dëst Joer! Dat ass op jidder Fall sécher d'Zil. Ech mengen d'Lotte, dat ass wierklech säin allergréisst Zil vun der Saison, fir ëm d'Victoire matzefueren an ech hoffen, dass ech mäin Deel do ka maachen, e Samschdeg."

Fir dat ze erreechen, muss d'Christine Majerus vill Aarbecht fir d'Ekipp ronderëm d'Weltmeeschterin Lotte Kopecky maachen. D'Erfarung vun der Lëtzebuerger Championne kann ee Virdeel ginn, och wa Paris-Roubaix heiansdo onberechenbar ass.

"Wa muss geschafft ginn, da gehéieren ech och zu deenen, déi musse schaffen. Dann ass et egal, ob ech Paris-Roubaix gär hunn oder net, da muss ech mech do hannen ureien. Perfekterweis wéilt ech einfach mam Lotte sou laang wéi méiglech zesummebleiwen, ëm hëllefe beim Positionéieren, well dat ass eng vu menge Stäerkten. A Paris-Roubaix ass och eng Course, wou alles ka geschéien an do kann ee schéi Pläng maachen a schéi Saachen am Viraus versichen ze antizipéieren, da kënnt et dann awer ëmmer e bëssen aneschters."

Fir d'Nina Berton dogéint ass et déi éischt Participatioun bei Paris-Roubaix. D'Coureuse vu Ceratizit-WNT geet mat enger gudder Form an d'Course an hofft un hir Leeschtunge vun de Klassiker kënnen unzeknäppen. Och wann d'Häll aus dem Norden, wéi de franséische Klassiker och nach genannt gëtt, een Tick aneschters ass.

D'Nina Berton viru Paris-Roubaix
Fir d'Nina Berton ass et déi éischt Participatioun bei Paris-Roubaix.

"Et ass jo wierklech zimmlech flaach an dee Paweeë. Dat ass nach eng Kéier eng aner Klass vis-à-vis vun deem, wat mer bis elo an de belsche Klassiker haten. Dat heescht, dat gëtt och eng ganz nei Experienz an do muss ech da kucke wéi et leeft. An et ass och déi éischt Kéier, dass ech elo Paris-Roubaix fueren, dat heescht, do weess ech nach net esou genau, wéi dat alles do ofleeft. Mee ech freeë mech awer."

Duerch ënner anerem déi gutt 19. Plaz beim Tour des Flandres de leschte Weekend, geet d'Nina Berton mat ganz vill Confiance an d'Course. Mam Marta Lach, déi d'lescht Joer bei Paris-Roubaix op déi 6. Plaz koum, muss och déi 22 Joer al Lëtzebuergerin fir d'Ekipp eng Hand mat upaken. Op deene 17 Pawee-Sekteure gëllt et vun Ufank u konzentréiert ze sinn.

"Et ass halt vill Placéieren, wou s de muss och maachen, fir wann et an de Pawee erageet a wann s de do an deem richtege Rad dra bass, da misst et u sech och elo fir Roubaix gutt klappen. Natierlech d'Montéeë komme mer scho méi entgéint, mee ech denken awer, dass mat deem ganze Kraafttraining an allem elo och Paris-Roubaix gutt lafe misst u sech. Wann natierlech och d'Gléck an alles matspillt, well bei esou Coursse sinn awer ëmmer vill Saachen, wou nach ronderëm sinn, wou ee sou selwer keen Afloss drop huet. Dat heescht, do muss een dann och e bëssen hoffen, dass alles den Dag zesummekënnt."

D'Course vun den Damme kënnt Dir e Samschdeg vu 15.30 Auer un bei eis op der Télé live suivéieren.

Bei der Härecourse kënnt Dir dann och e Sonndeg bei eis op RTL live mat dobäi sinn.