Romain Grégoire feiert seng éischt Etappevictoire op der Worldtour

© FRANCOIS LO PRESTI / AFP (Archiv)
Op der fënnefter Etapp vum Tour duerch d'Baskeland goung et iwwer 175,9 Kilometer vu Vitoria-Gasteiz op Amorebieta-Etxano.
Op der Arrivée konnt sech de jonke Fransous Romain Grégoie (Groupama -FDJ) virum Orluis Aular (Caja Rural - Seguros RGA) duerchsetzen. Op Plaz 3 koum de Maximilian Schachmann (BORA - hansgrohe).
Wee genee gewonnen hat, war beim Iwwerfuere vun der Zillinn net gewosst. D'Zil-Kamera huet de Beweis musse liwweren an deemno konnt den 21 Joer jonke Cyclist aus Frankräich sech mat e bësse Verspéidung iwwert seng éischt Etappevictoire am Worldtour freeën.
Tweet - Video vun der Arrivée
De Bob Jungels hat als 109. e Retard vun 12 Minutten an 12 Sekonnen.
Am Generalklassement ass den Dän Matthias Skjelmose weiderhin de Leader, dat nodeems hien de Gielen Trikot op der leschter Etapp vum Primoz Roglic iwwerholl hat, nodeems deen no enger Chute aus der Course war. De Maximilian Schachmann ass elo op Plaz 2, op 2 Sekonnen, virum Juan Ayuso op Plaz 3.
De Lëtzebuerger Bob Jungels huet op der 131. Plaz 23 Minutten a 46 Sekonne Réckstand.