D'Mentalitéit vun de Coureuren hätt geännert an den Drock wier immens grouss

Dat ass en Deel vun der Analys vum Bob Jungels, wisou et an der Lescht ëmmer méi Chutte ginn.
De Coureur vu BORA - hansgrohe ass zanter 2013 Profi op héchstem Niveau a gesäit, datt souwuel op Säite vun den Organisateuren, wéi och am Peloton selwer iwwer déi lescht Jore villes geännert huet. Doduerch datt den Niveau vum Peloton immens héich wier, wieren ëmmer méi Coureuren do, déi et géife fäerdeg bréngen, sech an den éischte Positiounen opzehalen. Och an den Ekippe géif dacks probéiert ginn, fir déi eng oder aner geféierlech Situatioun ze notzen, fir d'Konkurrenz a Schwieregkeeten ze bréngen.
An de leschte Wochen ass et am Vëlossport ëmmer nees zu uerge Chutte mat schwéiere Blessure komm. Bei der Eendagescourse "A travers la Flandre" waren eng Dose Coureuren an enger Descente mat ronn 80 km/h gefall. De Wout van Aert huet sech ënner anerem e puer Rëpper an d'Schlësselbeen gebrach an den Alex Kirsch eng Schank an der Hand.
Nëmmen eng Woch méi spéit gouf et déi nächst schro Chute. Beim Tour duerch d'Baskeland waren zéng Coureuren an enger Descente gefall. Mam Jonas Vingegaars, Remco Evenepoel a Primoz Roglic waren direkt dräi vun de weltbeschte Coureure betraff. Och hei goufen et Frakturen an eng perforéiert a kollabéiert Long.
D'lescht Joer war de Schwäizer Gino Mäder no enger Chute gestuerwen.