Stephen Williams gewënnt op der Mur de Huy, Favoritten hu gelidden
Beim Klassiker Flèche Wallonne goung et e Mëttwoch iwwer 199 Kilometer mat Depart zu Charleroi an Arrivée op der Mur de Huy.
Et war eng extrem schwéier Course, dat virop wéinst de Wiederkonditiounen, ënnert anerem huet et zäitweis geschneit, zum Beispill beim zweete Passage uewen op der Mur de Huy. Deementspriechend hate vill Coureure mat de schwierege Konditiounen ze kämpfen, dorënner och eng ganz Partie Favoritte wéi ënnert anerem den Thomas Pidcock oder och nach de Mattias Skjelmose. Eng ganz Partie Coureuren hunn am Laf vun der Course och opginn, dorënner och de Lëtzebuerger Bob Jungels.

© AFP
Nodeems eng éischt Echappée ageholl gouf, war et de Sören Kragh Andersen, dee sech eleng ofsetze konnt. Hien hat 35 Kilometer virun der Arrivée knapp annerhallef Minutt Avance op de Peloton, deen zu deem Ament schonns uerdentlech geschrumpft war. An deem Peloton ware Coureure wéi den Thomas Pidcock, de Mattias Skjelmose, den Dylan Teuns oder de Marc Hirschi net méi dobäi.
Beim drëtte Passage vun der Mur de Huy hu sech du weider Coureuren aus dem Peloton ofgesat. Buitrago, Carapaz, Van Gils, Vauquelin a Williams hu sech op d'Poursuite vum Sören Kragh Andersen gemaach, deen 20 Kilometer virum Zil just nach ronn 25 Sekonnen Avance hat.

© AFP
Knapp 17 Kilometer virun der Arrivée goufe Carapaz a Co. awer nees vum Peloton ageholl, iwwerdeems de Leader nach 20 Sekonne Virsprong hat. An der Côte d'Ereffe gouf dunn awer och den Dän nees ageholl.
An der Suite gouf et ëmmer nees Attacken, ma bis an d'Mur de Huy konnt kee sech decisiv ofsetzen. An an dëser leschter Schwieregkeet vum Dag konnt sech iwwerraschend de Stephen Williams duerchsetzen, dat virum Kévin Vauquelin an dem Maxim Van Gils.
Klassement vun der Course
1 WILLIAMS Stephen Israel - Premier Tech
2 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels ,,
3 VAN GILS Maxim Lotto Dstny 0:03
4 COSNEFROY Benoît Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
5 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious ,,
6 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Mobility 0:10
7 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ ,,
8 GODON Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 BENOOT Tiesj Team Visma | Lease a Bike ,,
10 MARTIN Guillaume Cofidis ,,