E Samschdeg an e Sonndeg gëtt de Festival Elsy Jacobs gefuer.

D'Lëtzebuerger Sportlerinnen hunn iwwert déi lescht Wochen eng gutt Form bewisen an dierften op deenen 2 Deeg eng interessant Roll spillen. D'Christine Majeurs schléisst mat de Courssen hei am Land hiert d'Fréijoer of. Si war bis elo bei all Editioun dobäi. Enn 2024 geet der 37 Joer aler Sportzaldotin hir exemplaresch Karriär op en Enn.

An hirer Ekipp SD Worx - Protime ass och d'Marie Schreiber um Depart. D'Cyclocross-Spezialistin ass no der Crosssaison nach net vill gefuer a wäert eng wichteg Roll un der Säit vum Christine Majerus spillen. Och op d'Ofschneide vum Nina Berton dierf ee gespaant sinn. D'lescht Joer hat déi 22 Joer jonk Athletin de Biergpräis gewonnen. Dës Saison war si bei ville grousse Courssen um Depart a war beim Tour des Flandres op déi 19. Plaz gefuer.

Bei den 2 Courssen ass och eng jonk Lëtzebuerger Nationalekipp (Layla Barthels, Maïté Barthels, Isabelle Klein, Aurelie Nesser, Gwen Nothum, Liv Wenzel) um Depart. Dës gëtt vum Frank Schleck als Directeur Sportif encadréiert.

Wie war d'Elsy Jacobs?

De Festival Elsy Jacobs gëtt zu Éiere vun der éischter Stroosse-Weltmeeschterin vun den Damme gefuer. 1958 hat d'Elsy Jacobs déi éischt Stroosse-WM fir Dammen zu Reims a Frankräich gewonnen. Deemools war d'Lëtzebuergerin mat bal 3 Minutten Avance op hir éischt Konkurrentinnen iwwer d'Arrivée gefuer. E puer Méint drop hat d'Elsy Jacobs zu Mailand de Stonne-Weltrekord gebrach. Am Joer 1988 gouf den 30 järege Gebuertsdag vun hirer Victoire gefeiert. De Jeannot Ries war deemools fir RTL mat dobäi.

D'Elsy Jacobs war 1933 am Pafendall gebuer ginn a war zu Garnech als jéngst vu 7 Geschwëster opgewuess. Am Joer 1998 ass si zu Loudéac an der Bretagne gestuerwen.

Déi zwou Coursse vum Festival Elsy Jacobs kënnt Dir e Samschdeg an e Sonndeg vu 14.30 Auer live op RTL.lu kucken.