D'Marta Lach gewënnt déi éischt Course virum Christine Majerus
Um Samschdeg ass déi 1. Course vun der 16. Editioun vum Festival Elsy Jacobs gefuer ginn.
Ronderëm Garnech stounge fir d'Cyclistinne ronn 112 Kilometer um Programm. Am Schlusssprint hat d'Marta Lach aus Polen déi bescht Been a konnt sech knapp virum Christine Majerus behaapten, déi och eng exzellent Leeschtung gewisen huet. D'Katrine Aalerud huet de Podium komplettéiert.
Ronn 50 Kilometer virun der Arrivée hu sech fënnef Coureusen aus dem viischte Grupp kënnen ofsetzen, dorënner d'Christine Majerus an d'Marie Schreiber. De Virsprong louch laang bei nëmmen e puer Sekonnen, ma de Grupp hannendrun konnt d'Lach net zoufueren.
Eng 35 Kilometer viru Schluss huet d'Marie Schreiber misse lassloossen, nodeems si virdru scho vill un der Spëtzt geschafft hat. D'Avance vun der Coequipière Christine Majerus an den aneren dräi Cyclistinnen op den zweete Grupp louch dee Moment bei iwwer enger Minutt.
De Virsprong louch gutt 20 Kilometer drop bei bal zwou Minutten, soudass d'Victoire sech ënnert deene véier Coureusen decidéiere sollt. Et goufen e puer Attacke vun den zwou Coequipièren Marte Berg Edseth a Katrine Aalerud (Uno-X Mobility), ma een Ecart konnte si wéinst der Zesummenaarbecht vu Christine Majerus a Marta Lach net erausfueren.
E puer honnert Meter virun der Zillinn huet d'Marta Lach dunn de Sprint lancéiert a konnt sech um Enn d'Victoire sécheren. D'Christine Majerus ass no enger ganz staarker Performance op déi 2. Plaz komm. D'Nina Berton war op enger vun den éischten Positiounen am zweete Grupp an huet et mat engem Retard vu knapp 3 Minutten op déi 9. Plaz gepackt.
D'Marie Schreiber huet et mat engem Retard vu 5:36 Minutten op déi 34. Plaz gepackt. D'Gwen Nothum, d'Layla Barthels an d'Liv Wenzel sinn 10 Minutten nom Christine Majerus iwwer d'Zillinn gefuer iwwerdeems d'Maïté Barthels an d'Aurélie Nesser d'Course net op en Enn gefuer sinn.
D'Top 10 vun der Course
1 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 2:57:16
2 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
3 AALERUD Katrine Uno-X Mobility ,,
4 BERG EDSETH Marte Uno-X Mobility +0:07
5 ARZUFFI Alice Maria CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +0:39
6 GERRITSE Femke Team SD Worx - Protime +2:57
7 KOSTER Anouska Uno-X Mobility ,,
8 DYRHOVDEN Emma Norway (NAT) ,,
9 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
10 FIDANZA Arianna CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
...
34 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime +5:36
60 NOTHUM Gwen Luxembourg (NAT) +10:01
70 BARTHELS Layla Luxembourg (NAT) ,,
78 WENZEL Liv Luxembourg (NAT) ,,
Déi zweet Course vum Festival Elsy Jacobs kënnt Dir e Sonndeg och vu 14.30 Auer live op RTL.lu kucken.