Critérium du Dauphiné
5. Etapp no grousser Chute neutraliséiert, kee Klassement
Critérium du Dauphiné: 5. Etapp no grousser Chute neutraliséiert, kee Klassement
Eng 20 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng Chute, wou praktesch de ganze Peloton gefall ass. D'Course gouf doropshin neutraliséiert.
Eng 20 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng Chute, wou praktesch de ganze Peloton gefall ass. D'Course gouf doropshin neutraliséiert.
Ënner anerem waren och d'Favoritte vun der Course Remco Evenepoel a Primoc Roglic gefall.
D'Strooss war wéinst dem Reen extreem glat.
D'Coureure sinn déi lescht 20 Kilometer am Peloton op d'Arrivée gefuer an et gouf kee Klassement gemaach.
De Remco Evenepoel bleift domat Leader. Beschte Lëtzebuerger ass op der 82. Plaz de Bob Jungels. Hien an och den Alex Kirsch an de Kevin Geniets konnten no der Chute nees weider fueren.
Chute 5. Etapp Critérium du Dauphiné
En Donneschdeg gouf et op der 5. Etapp vum Critérium du Dauphiné eng Chute, an déi quasi de ganze Peloton verwéckelt war.
Am meeschte gelies