De Lëtzebuerger Alex Kirsch huet de Critérium du Dauphiné am Laf vun der 6. Etapp opginn.

De Lëtzebuerger Champion war en Donneschdeg bei der Course a Frankräich op de leschten 20 Kilometer gefall, zesumme mat quasi dem ganze Peloton. D'Ekipp "Lidl-Trek" huet matgedeelt, datt een en Vue vun de nach gréisseren Ziler an nächster Zukunft kee Risiko wéilt huelen.