De Sloween konnt sech op de leschte Meter op de Samoëns 1600 géint de Matteo Jörgensen behaapten. De Bob Jungels an de Kevin Geniets haten e grousse Retard

Op der 7. Etapp vum Critérium du Dauphiné setzt sech de Primosz Roglic am Bierg géint de Matteo Jörgensen duerch. Am General huet de Roglic virun der leschter Etapp eng Avance vu méi wéi 1 Minutt op de Jörgensen.

Eng Grupp vun enger Dose Coureuren, wou all d'Favoritten dra waren, war zesummen an déi lescht Kilometer op de Samoëns 1600 erop gaangen an ass bis op de leschte Kilometer zesumme bliwwen. De Remco Evenepoel gouf schonn eng Rei Kilometer virdrun distanzéiert an huet op dëser Etapp vill Zäit verluer. Op de leschten 300 Meter hunn de Primosz Roglic an de Matteo Jörgenson acceleréiert an d'Konkurrenz distanzéiert. De Roglic hat déi méi séier Been a gewënnt seng zweet Etapp beim Critérium du Dauphiné.

Duerch dës Victoire bleift de Roglic am General evidenterweis de Leader, kann awer keng Zäit op de Jörgensen guttmaachen. De Remco Evenepoel huet duerch säi Réckstand zwou Plazen agebéisst.

Aus Lëtzebuerger Siicht koumen de Bob Jungels als 50. an de Kevin Geniets als 61. no 155 Kilometer un. Am General ass de Bob Jungels 45. (+ 36:34) an de Kevin steet op der 58. Plaz (+ 44:18).

D'Klassement vun der Etapp

1 ROGLIČ Primož 4:29:16
2 JORGENSON Matteo ,,
3 CICCONE Giulio 0:02
4 LAZKANO Oier ,,
5 GEE Derek ,,
6 RODRÍGUEZ Carlos 0:08
7 BUITRAGO Santiago 0:14
8 DE PLUS Laurent ,,
9 VLASOV Aleksandr ,,
10 LANDA Mikel 0:33 
...
50 JUNGELS Bob 13:44
61 GENIETS Kevin 19:21

D'Generalklassement

1 ROGLIČ Primož 21:16:50
2 JORGENSON Matteo 1:02
3 GEE Derek 1:13
4 VLASOV Aleksandr 1:56
5 RODRÍGUEZ Carlos 1:58
6 EVENEPOEL Remco 2:15
7 DE PLUS Laurens 2:17
8 LAZKANO Oier 2:20
9 CICCONE Giulio 2:54
10 LANDA Mikel 3:51
...
45 JUNGELS Bob 36:34
58 GENIETS Kevin 44:18