Fidanza wënnt am Massesprint, Plaz 39 fir d'Christine Majerus

© Arne Mill / T.RF Sportmarketing
E Mëttwoch stoung ronderëm Gera déi 2. Etapp vum Ladies Tour um Programm, bei där ronn 119 Kilometer ze fuere waren.
46 Cyclistinne sinn zesummen iwwer d'Zillinn gefuer, dorënner och d'Christine Majerus als 39.. Un der Spëtzt gouf et iwwerdeems een italieenesche Podium: D'Martina Fidanza huet sech virum Barbara Guarischi an dem Maria Confalonieri duerchgesat. D'Nina Berton huet sech mat engem Retard vun 2 Minutten an 3 Sekonnen als 66. klasséiert, iwwerdeems d'Marie Schreiber als 68. déi nämmlecht Zäit wéi d'Gewënnerin krut.
Am General verdeedegt d'Margot Vanpachtenbeke d'Féierung virum Ruth Edwards an dem Franziska Brauße. D'Christine Majerus ass hei op Plaz 28 gesprongen, d'Marie Schreiber op d'Plaz 40 an d'Nina Berton läit op Plaz 58.
D'Top 10 vun der Etapp
1 FIDANZA Martina 3:02:17
2 GUARISCHI Barbara ,,
3 CONFALONIERI Maria ,,
4 CROMWELL Tiffany ,,
5 BRAND Lucinda ,,
6 COLES-LYSTER Maggie ,,
7 VITILLO Matilde ,,
8 RIEDMANN Linda ,,
9 EDWARDS Ruth ,,
10 PERKINS Flora ,,
...
39 MAJERUS Christine ,,
66 BERTON Nina 2:03
69 SCHREIBER Marie 0:00
De General
1 VANPACHTENBEKE Margot 6:07:14
2 EDWARDS Ruth 0:04
3 BRAUßE Franziska 2:42
4 RIEDMANN Linda 2:44
5 CONFALONIERI Maria ,,
6 SWINKELS Karlijn ,,
7 LACH Marta ,,
8 COLES-LYSTER Maggie 2:48
9 CROMWELL Tiffany ,,
10 PERKINS Flora ,,
...
28 MAJERUS Christine ,,
40 SCHREIBER Marie ,,
58 BERTON Nina 4:51