Um Col de la Couillole konnt den Tadej Pogacar déi virlescht Etapp virum Jonas Vingegaard fir sech decidéieren.

Op en Neits si mat Carapaz a Mas déi lescht Coureuren aus der Echappée an de leschte Kilometer vu Pogacar a Vingegaard agefaange ginn. Ronn 2,5 Kilometer virum Sommet sinn déi zwee Leader an der Gesamtwäertung laanscht gefuer. Zum Schluss huet de Pogacar dem Dän du keng Chance méi gelooss, woumat hien déi 5. Etapp bei dësem Tour de France gewënnt. Déi drëtt Plaz geet iwwerdeems un de Richard Carapaz, dat mat engem Retard vun 23 Sekonnen.

De Kevin Geniets huet et um Enn op déi 19. Plaz gepackt (+5:28), nodeems hie laang am Spëtzegrupp war a réischt 8 Kilometer viru Schluss ageholl gouf. De Bob Jungels huet sech mat engem Retard vun 12 Minutten a 56 Sekonnen als 41. klasséiert.

Am General verdeedegt den Tadej Pogacar de Maillot Jaune domat, woumat d'Gesamtvictoire him am Zäitfueren e Sonndeg net méi dierft ze huele sinn. De Jonas Vingegaard huet iwwerdeems seng 2. Plaz an der Gesamtwäertung gefestegt. Den Dän huet virun der leschter Etapp eng Avance vun 2 Minutten a 50 Sekonnen op de Remco Evenepoel. Aus lëtzebuergescher Siicht klëmmt de Bob Jungels op Plaz 32 (+2:24:12) an de Kevin Geniets spréngt op déi 41. Plaz (+3:37:14).

Op der leschter Biergetapp ass et fir d'Coureuren iwwer 132,8 Kilometer vun Nice zréck an d'Alpen op de Col de la Couillole gaangen. Eng Montée vun der zweeter Kategorie an dräi vun der éischter Kategorie goufen et virum Zäitfueren e Sonndeg nach ze meeschteren.

Virum zweete Bierg, dem Col de Turini, hate sech eng Partie Cyclisten a verschiddene klenge Gruppen ofgesat. De Kevin Geniets war fir d'éischt am Grupp vun de Poursuivanten, hie konnt awer zesumme mat zwee weidere Coureuren ee Kilometer virum Sommet zum Spëtzegrupp mam Richard Carapaz opschléissen. Uewen um Col louch d'Avance op de Peloton mat de Favoritten bei ronn 4 Minutten an 30 Sekonnen.

Um Fouss vum Col de la Colmiane, ronn 45 Kilometer virun der Arrivée, louch d'Avance vun den 10 Coureuren an der Echappée nach bei knapp 4 Minutten. An der Montée goufen et eng Rei Acceleratiounen, distanzéiert gouf awer keen aus dem Spëtzegrupp. De Richard Carapaz ass als Éischten um Col ukomm an huet sech domat de Biergpräis vun dëser Editioun geséchert. Am Peloton mam Maillot Jaune gouf den Tempo iwwerdeems verschäerft, soudass de Retard um Sommet just nach bei ronn 3 Minutte louch.

Eng 15 Kilometer virun der Arrivée hunn d'Coureuren am Spëtzegrupp no an no misse lassloossen, dorënner och de Kevin Geniets. Kuerz drop ware just nach de Richard Carapaz an den Enric Mas un der Spëtzt. An der Montée fir op de Col de la Couillole konnten och just nach wéineg Cyclisten den Tempo vum Grupp Maillot Jaune matgoen.

De Grupp mat de Favoritten huet d'Coureuren aus der Echappée dunn no an no agefaangen an hat 5 Kilometer virum Sommet just nach e Retard vun enger Minutt. Hei konnt de Vingegaard den Evenepoel mat enger Konterattack distanzéieren, de Pogacar ass awer um Dän dru bliwwen. Déi zwee Leader am General hunn de Carapaz an de Mas dunn och 2,5 Kilometer viru Schluss ageholl. Um Enn hat de Pogacar déi besser Been an ass e puer Sekonne virum Vingegaard iwwer d'Zillinn gefuer.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Reaktioun no der Etapp vum Kevin Geniets

De Kevin Geniets no der 20. Etapp
De Lëtzebuerger war laang mat an der Echappée dobäi

D'Resultat vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 4:04:22
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:07
3 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 0:23
4 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:53
5 MAS Enric Movistar Team 1:07
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:28
7 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 1:33
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 1:44
9 YATES Adam UAE Team Emirates 1:43
10 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 1:52
...
19 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 5:28
41 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 12:56

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 82:53:32
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 5:14
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 8:04
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 16:45
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 17:25
6 YATES Adam UAE Team Emirates 21:11
7 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 21:12
8 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 24:26
9 GEE Derek Israel - Premier Tech 24:50
10 CICCONE Giulio Lidl - Trek 25:48
...
32 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 2:24:12
41 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:37:14