E Samschdeg ass de groussen Depart vun der Vuelta
De Weekend fänkt am Cyclissem déi 79. Editioun vun der Vuelta un. Iwwer ronn 3 Woche fiert den Tour duerch Spuenien vu Lissabon op Madrid.
Um Depart sinn 22 Ekippen an 176 Coureuren, déi sech op ee ganz schwéiere Parcours astelle mussen.
21 Etappen, zwee Roudeeg a ganzer 9 Etappe mat enger Arrivée um Sommet. Lass geet et e Samschdeg mat engem Zäitfueren zu Lissabon. Och zum Ofschloss steet een Zäitfueren zu Madrid um Programm. Keen einfache Parcours fir d'Sprinter. Dozou eisen RTL-Vëlo-Commentateur Tom Flammang:
"Fir déi 5. Kéier an der Geschicht fiert d'Vuelta net a Spuenien fort. Dee groussen Depart ass zu Lissabon, wou een 1997 schonn zu Gaascht war. Zum Optakt steet direkt ee Contre-la-Montre iwwer 12 Kilometer um Programm. Et dauert net all ze laang, bis een dann an de Bierger ass. Op der 4. Etapp geet et iwwer 167 Kilometer op den Pico Villuercas erop. Duerno sinn da wéi gewinnt an der Vuelta vill Biergetappen, wou dann natierlech am Generalklassement normalerweis lues a lues d'Decisioun misst falen."
Feele wäerten an der Vuelta grousse Nimm wéi Pogacar, Vingegaard an Evenepoel. Gesicht gëtt de Successeur vum Sepp Kuss. Den Amerikaner war wéinst enger Covid-Infektioun net am Tour de France mat dobäi. De Coureur vu "Visma - Lease a Bike" konnt viru Kuerzem den Tour duerch Burgos a Spuenien gewannen. Mee hien huet awer eng zolidd Konkurrenz.
"Ech kucken do besonnesch op d'Ekipp vu "Red Bull - BORA - hansgrohe". Do ass zum Beispill de Primoz Roglic mat dobäi. Laang war net gewosst, ob de Sloween no senger Chute am Tour de France kéint fueren. U senger Säit huet hien den Aleksandr Vlasov an den Daniel Felipe Martinez. Dat sinn zwee ganz staark Coureuren an de Bierger. Aner Coureuren, wéi den Enric Mas vu "Movistar" an den Tao Geoghegan Hart vu "Lidl -Trek", muss een och am A behalen. Dann awer och d'Ekipp "UAE", déi ganz staark opgestallt si mat Coureuren, déi mir och aus dem Tour de France kennen, wéi zum Beispill de Marc Soler, de João Almeida an den Adam Yates."
Mat dobäi sinn aus Lëtzebuerger Siicht de Kevin Geniets an de Michel Ries. Wéi si dës Editioun vun der Vuelta gesinn a wat hir Ambitioune sinn, kucke mir eis an den nächsten Deeg méi genau un.