Am Tour duerch Polen stoung e Mëttwoch déi 3. Etapp um Programm.

No 156,5 Kilometer vu Walbrzych op Duszinik-Zdroj war no 156,5 Kilometer et eng Victoire fir den Thibau Nys aus der Belsch.

De Coequipier vum Alex Kirsch war op de leschte Meter méi séier wéi den Italiener Diego Ulissi. De Wilco Kelderman konnt sech als Drëtte klasséieren. De Leader Jonas Vingegaard ass mat dräi Sekonne Retard als 9. iwwer d'Arrivée gefuer a behält am Generalklassement eng Avance vu 16 Sekonnen op den Diego Ulissi.

De Luc Wirtgen ass als 39. ukomm an huet 1 Minutt an 30 Sekonne verluer. Fir den Alex Kirsch war et déi 67. Plaz mat engem Retard vun 8 Minutten an 19 Sekonnen. Am Generalklassement ass de Luc Wirtgen de 40. Fir den Alex Kirsch ass et am Moment déi 100. Plaz

D'Klassement vun der 3. Etapp

1 NYS Thibau Lidl - Trek 4:03:21
2 ULISSI Diego UAE Team Emirates ,,
3 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike ,,
4 RYAN Archie EF Education - EasyPost ,,
5 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers ,,
6  ZAMBANINI Edoardo Bahrain - Victorious ,,
7 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ ,,
8 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious ,,
9 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike ,,
10 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
...
39 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 1:30
67 KIRSCH Alex Lidl - Trek 8:19

D'Generalklassement no der 3. Etapp

1 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 8:04:48
2  ULISSI Diego UAE Team Emirates 0:19
3 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 0:20
4 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 0:33
5 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers 0:37
6 ZAMBANINI Edoardo Bahrain - Victorious 0:45
7 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 0:49
8 VOISARD Yannis Tudor Pro Cycling Team ,,
9 HONORÉ Mikkel Frølich EF Education - EasyPost ,,
10 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates 0:50
...
40  WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 5:12
100 KIRSCH Alex Lidl - Trek 23:36