Blanka Vas wënnt déi 5. Etapp vu Baaschtnech op Amnéville
Op der 5. Etapp vum dem Tour de France Femmes vu Baaschtnech op Amnéville war en Donneschdeg d‘Blanka Vas aus Ungarn déi Séiersten.
An de Stroosse vu Baaschtnech war eng lass en Donneschdeg de Moien. Ganz vill Spectateure waren um Depart vun der 5. Etapp dobäi.
Déi zwou Lëtzebuerger Damme woussten ze schätzen, datt vill Supporter fir si de Wee fonnt haten. D'Nina Berton recuperéiert nach vun enger Chute, mee war gudder Déng. D'Christine Majerus wousst, datt vill Aarbecht op si géif duerkommen, fir de Maillot Jaune ze verdeedegen a war virun hirem Publik héich motivéiert.
Kuerz viru Mëtteg war den Depart fir déi 137 Dammen. Déi éischt Kilometer ware séier an et goufe vill Attacken. Et huet laang gedauert, bis sech en Trio konnt ofsetzen. Déi duebel Cyclocrossweltmeeschterin Fem van Empel aus Holland war zesumme mat hirer Landsfra Loes Adegeest an der Belsch Julie van der Velde ënnerwee. Déi dräi ware keng direkt Gefor fir de Maillot Jaune Vollering, d'van Empel hat als Bescht am Generalklassement e Retard vun 3 Minutten a 50 Sekonnen.
D'Avance fir d`Echappée war ee Moment bal 3 Minutte grouss. Éier et awer an d'Stroosse vun Amnéville gaangen ass, huet de Peloton eescht gemaach a lues a lues Zäit gutt gemaach. Am leschte Bierg vum Dag haten sech d'Lëtzebuerger Supporter getraff, fir Majerus a Berton ze ënnerstëtzen. An der Côte vu Montois - la - Montagne hunn allebéid zu deem Ament an no vill Aarbecht fir hir Ekippe misse lassloossen.
Op de leschte Kilometer koum et am Peloton zu enger Chute. No engem Rond-point sinn direkt eng ganz Réi Damme gefall. Mat dobäi de Maillot Jaune Demi Vollering. Si sollt en Donneschdeg iwwer eng Minutt an de Maillot Jaune verléieren. Um Enn gouf et am Sprint aus engem klenge Grupp eng Victoire fir d'Blanka Vas aus Ungarn. D'Coequipière vum Christine Majerus war méi staark, wéi all déi aner.
Nei Leaderin am General ass d'Katarzyna Niewiadoma aus Polen. Fir d'Lëtzebuerger Damme waren et haut d`Plaze 67 an 89. Si haten e Retard vu 4 Minutten an 58 Sekonnen an hunn den Dag virun eegene Supporter genoss. Am General läit d‘Christine Majerus op der 66., an d‘Nina Berton op der 110. Plaz.
Den Tour de France geet e Sonndeg mat der Arrivée op der Alpe d'Huez op en Enn.
D'Klassement vun der 5. Etapp
1 B. VAS TEAM SD WORX - PROTIME 03h 46' 51''
2 K. NIEWIADOMA CANYON//SRAM RACING 03h 46' 51''
3 L. LIPPERT MOVISTAR TEAM 03h 46' 51''
4 K. FAULKNER EF - OATLY - CANNONDALE 03h 46' 51''
5 E. NORSGAARD MOVISTAR TEAM 03h 46' 59''
6 L. BRAND LIDL - TREK 03h 47' 02''
7 C. KERBAOL CERATIZIT - WNT PRO CYCLING TEAM 03h 47' 02''
8 L. WIEBES TEAM SD WORX - PROTIME 03h 47' 19''
9 M. VOS TEAM VISMA | LEASE A BIKE 03h 47' 19''
10 E. MUZIC FDJ-SUEZ 03h 47' 19''
...
67 C. MAJERUS TEAM SD WORX - PROTIME 03h 51' 49''
89 N. BERTON CERATIZIT - WNT PRO CYCLING TEAM 03h 51' 49''
D'Generalklassement no der 5. Etapp
1 K. NIEWIADOMA CANYON//SRAM RACING 11h 27' 29''
2 K. FAULKNER EF - OATLY - CANNONDALE 11h 27' 48''
3 P. PIETERSE FENIX-DECEUNINCK 11h 27' 51''
4 C. KERBAOL CERATIZIT - WNT PRO CYCLING TEAM 11h 28' 16''
5 J. LABOUS TEAM DSM-FIRMENICH POSTNL 11h 28' 25''
6 T. DE JONG LOTTO DSTNY LADIES 11h 28' 33''
7 S. VAN ANROOIJ LIDL - TREK 11h 28' 36''
8 P. ROOIJAKKERS FENIX-DECEUNINCK 11h 28' 37''
9 D. VOLLERING TEAM SD WORX - PROTIME 11h 28' 48''
10 L. LIPPERT MOVISTAR TEAM 11h 28' 49''
...
66 C. MAJERUS TEAM SD WORX - PROTIME 11h 41' 23''
110 N. BERTON CERATIZIT - WNT PRO CYCLING TEAM 11h 49' 35''