Op der 6. Etapp ass et iwwer 159 Kilometer op Remiremont op Morteau gaangen.

Op der 6. Etapp vum Tour de France vun den Damme gouf et eng Victoire en solitaire vum Cédrine Kerbaol. D'Franséisin konnt sech mat enger Avance vun 21 Sekonnen virun der Hollännerin Marianne Vos duerchsetzen.

D'Kerbaol ass déi éischt Franséisin, déi sech zanter der Relance vum Tour de France fir Dammen virun zwee Joer eng Etapp konnt sécheren.

D'Lëtzebuergerinne Christine Majerus an Nina Berton koumen op déi 60. (+8:12 Minutten) respektiv 85. Plaz (+12:39 Minutten). Si waren allebéid an der Echappée a konnten hei bis zu 2,5 Minutten Avance op de Peloton erausfueren. Am Spëtzegrupp gouf den Tempo awer eng 30 Kilometer virun der Arrivée verschäerft a si konnten do net méi mathalen.

Am General bleift d'Polin Katarzyna Niewiadoma weiderhin am Maillot Jaune. D'Christine Majerus läit do op der Plaz 65, d'Nina Berton op Plaz 110.

D'Resultat vun der Etapp

1 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 4:04:41
2 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike 0:21
3 LIPPERT Liane Movistar Team ,,
4 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ ,,
5 BRAND Lucinda Lidl - Trek ,,
6 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
7 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck ,,
8 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies ,,
9 MUZIC Évita FDJ - SUEZ ,,
10 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL ,,
...
60 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 8:12
85 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 12:39

De General no der 6. Etapp.

1 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 15:32:31
2 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0:16
3 FAULKNER Kristen EF-Oatly-Cannondale 0:19
4 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck 0:22
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL 0:56
6 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies 1:04
7 VAN ANROOIJ Shirin Lidl - Trek 1:07
8 ROOIJAKKERS Pauliena Fenix-Deceuninck 1:08
9 LIPPERT Liane Movistar Team 1:16
10 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 1:19
...
65 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 21:45
110 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 34:24