No Marc Hirschi
Och Julian Alaphilippe wiesselt bei Tudor Pro Cycling

© AFP
Domat gëtt de Weltmeeschter vun 2020 an 2021 de Coequipier vum Arthur Kluckers a Luc Wirtgen.
Tudor Pro Cycling hat an de leschten Deeg scho mam Marc Hirschi e ganz staarke Coureur fir d'Saison 2025 annoncéiert. Den Alaphilippe ass déi lescht 10 Joer fir d'Ekipp vu Soudal - Quick Step gefuer an huet do ënner anerem 6 Etappen am Tour de France gewonnen. Dräimol war hien och bei der Flèche Wallonne de Beschten. De Luc Wirtgen an den Arthur Kluckers hunn allebéid e Kontrakt bis Enn 2026 bei der Schwäizer Ekipp vum Fabian Cancellera. Dem Alaphilippe säi Kontrakt leeft iwwer 3 Joer.
Am meeschte gelies