Op der 4. Etapp vun der Vuelta goung et en Dënschdeg iwwer 170,5 Kilometer vu Plasencia op Pico Villuercas.

Op der Arrivée, dem Sommet vun engem Bierg vun der 1. Kategorie, gouf et eng Victoire vum Primoz Roglic. De Slowen war aus engem Grupp vu 7 Coureuren de Séiersten, dat virum Lennert van Eetveld an dem Joao Almeida. De Michel Ries gouf den 53. op 5 Minutten an 28 Sekonnen, iwwerdeems de Kevin Geniets den 139. op 15 Minutten a 46 Sekonne gouf.

De Roglic ass och elo den neie Leader am General. Hei huet hien elo 8 Sekonnen Avance op de Joao Almeida an 32 Sekonnen op den Enric Mas. Hei ass de Michel Ries de 74. op 9 Minutten an 32 Sekonnen an de Kevin Geniets den 142. op 18 Minutten a 25 Sekonnen.

Klassement vun der Etapp

1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe
2 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny ,,
3 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
4 MAS Enric Movistar Team ,,
5 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
6 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech ,,
7 LANDA Mikel Soudal Quick-Step ,,
8 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 0:18
9 BENNETT George Israel - Premier Tech 0:28
10 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates ,,

De General

1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:08
3 MAS Enric Movistar Team 0:32
4 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 0:38
5 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny 0:41
6 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:47
7 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 0:50
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:58
9 LANDA Mikel Soudal Quick-Step ,,
10 VLASOV Aleksandr Red Bull - BORA - hansgrohe 1:00