De Skoda Tour de Luxembourg geet zeréck bei seng Wuerzelen

© Skoda TdL
E Freideg an der Mëttegstonn huet d'Organisatioun vum Tour de Luxembourg de Parcours fir déi 84. Editioun bekannt ginn.
Déi 114 Coureure musse bannent fënnef Etappe ronn 700 Kilometer hannert sech bréngen. Et geet zeréck bei d'Wuerzelen. Den Depart ass den 18. September um Knuedler, wou et op der éischter Etapp iwwer Veianen a Buerschent zeréck op de Fëschmaart geet.
Déi zweet Etapp ass éischter fir d‘Sprinter, éier dann op der drëtter a véierter Etapp souwuel d’Experten am Bierg wéi och d’Zäitfuerspezialiste gefrot wäerte sinn.
Déi grouss Arrivée vum Tour de Luxembourg ass dann den 22. September wéi gewinnt um Lampertsbierg.
Am Ganze sinn 19 Ekippe bei der 84. Editioun mat dobäi, dorënner sinn zéng WorldTeams, aacht ProTeams an eng Nationalekipp.
UCI WorldTeams: Alpecin-Deceuninck, Bahrain-Victorius, Decathlon-Ag2r La Mondiale, EF Education-Easypost, Groupama-FDJ, Lidl-Trek, Movistar, Soudal Quick-Step, Visma-Lease a Bike, UAE Team Emirates
UCI ProTeams: Lotto Dstny, Q36.5 Pro Cycling, TDT-Unibet, Flanders-Baloise, Polti Kometa, TotalEnergies, Tudor Pro Cycling, Uno-X Mobility
Nationalekipp: Luxembourg