Primoz Roglic wënnt Biergetapp

© AFP
De Sloween konnt mat der Victoire säi Retard op de Leader Ben O'Connor nees verkierzen, den Australier bleift awer am roude Maillot.
No knapp 160 Kilometer war de Primoz Roglic op der 8. Etapp vun Ubeda op Cazorla de Séiersten. Am Sprint vun der Schlussmontée huet sech de Sloween géint den Enric Mas duerchgesat. Béid Coureure sinn an der selwechter Zäit iwwert de wäisse Stréch gefuer. Et ass dem Roglic seng zweet Victoire bei der dësjäreger Vuelta no der 4. Etapp. De Leader Ben O'Connor huet op dëser Etapp 46 Sekonne verluer, bleift awer kloer am roude Maillot. De Roglic ass weiderhin Zweeten, de Mas ass neien Drëtten.
De Roglic hat sech zesumme mam Richard Carapaz an dem Enric Mas wärend der géier Montée op Cazorla vum Peloton ofgesat an den Tempo héich gehalen. De Carapaz gouf op der 5 Kilometer laanger Montée ofgehaangen, just de Mas konnt dru bleiwen. Am leschte Kilometer gouf och den Ausräisser Harold Tejada gestallt. De Roglic huet op de leschten 300 Meter de Sprint lancéiert an de Mas ganz knapp hannert sech gelooss.
D'Lëtzebuerger Kevin Geniets a Michel Ries koumen op dëser Biergetapp op d'Plaze 65 respektiv 67. Am General maache béid Lëtzebuerger Plaze gutt. De Michel Ries ass elo 81. an de Kevin Geniets läit op der 156 Plaz.
Klassement vun der 8. Etapp
1 ROGLIČ Primož 3:38:34
2 MAS Enric ''
3 LANDA Mikel 0:14
4 TIBERI Antonio 0:17
5 SKJELMOSE Mattias 0:21
6 RODRÍGUEZ Carlos ,,
7 TEJADA Harold 0:24
8 DUNBAR Eddie 0:26
9 VAN EETVELT Lennert 0:29
10 HAIG Jack ,,
...
65 GENIETS Kevin 5:45
67 RIES Michel 6:23
Generalklassement
1 O'CONNOR Ben 31:23:27
2 ROGLIČ Primož 3:49
3 MAS Enric 4:31
4 TIBERI Antonio 5:00
5 LANDA Mikel 5:13
6 VAN EETVELT Lennert 5:15
7 RODRÍGUEZ Cristián 5:19
8 SKJELMOSE Mattias 5:24
9 LIPOWITZ Florian 5:25
10 GALL Felix 5:26
...
81 RIES Michel 41:28
156 GENIETS Kevin 1:12:06