An der Vuelta stoung e Freideg um 13. Dag eng schwéier Biergetapp um Programm.

No 175,6 Kilometer gouf et uewenaus um Puerto de Ancares eng Victoire fir de Kanadier Michael Woods. De Coureur vun Israel - Premier Tech war de beschte Coureur aus enger grousser Echappée eraus. Am Col vun der éischter Kategorie op d'Arrivée erop huet hien all déi aner Coureuren distanzéiert an hat eng Avance vun 12 Sekonnen op der Schwäizer Champion Mauro Schmid. Op déi 3. Plaz koum genee wéi schonn en Donneschdeg de Spuenier Marc Soler.

Am Grupp vun de Favoritte war de Sloween Primoz Roglic dee stäerksten an huet all senge Konkurrenten Zäit ofgeholl. Als 16. vun der Etapp hat hien 58 Sekonnen Avance op den Enric Mas an de Richard Carapaz. De Leader Ben O'Connor hat e Retard vun enger Minutt a 55 Sekonnen op de Roglic.

Am Generalklassement bleift den O'Connor vir, den Australier behält elo nach eng Avance vun enger Minutt an 21 Sekonnen op de Primoz Roglic. Den Enric Mas huet als Drëtten e Retard vun dräi Minutten an enger Sekonn.

Een Dag nom Kevin Geniets huet e Freideg och de Michel Ries bei der Vuelta opginn. Domadder ass kee Lëtzebuerger méi am Peloton mat dobäi.

D'Klassement vun der Etapp

1 WOODS Michael Israel - Premier Tech 4:19:51
2 SCHMID Mauro Team Jayco AlUla 0:45
3 SOLER Marc UAE Team Emirates 1:11
4 OOMEN Sam Lidl - Trek 1:25
5 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike 2:56
6 LEEMREIZE Gijs Team dsm-firmenich PostNL 3:33
7 PARRA José Félix Equipo Kern Pharma 5:19
8 BIZKARRA Mikel Euskaltel - Euskadi 5:38
9 VERGALLITO Luca Alpecin - Deceuninck 5:59
10 LE BERRE Mathis Arkéa - B&B Hotels 6:15

De General

1 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 52:10:15
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:21
3 MAS Enric Movistar Team 3:01
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 3:13
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 3:20
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:12
7 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 4:29
8 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 4:42
9 GAUDU David Groupama - FDJ 4:44
10 YATES Adam UAE Team Emirates 5:17