Et wieren der nach manner, hätt de Roglic no engem Vëloswiessel net ze vill vum Wandschied vu sengem Ekippen-Auto profitéiert.

D'Jury huet him doropshin 20 Sekonne Strof ginn. Bal 4 Minutten hat den O`Connor nach leschte Méindeg um éischte Roudag.

Et bleift also spannend iwwer déi nächsten Deeg, d'Etappe bleiwe schwéier an de Roglic kritt nach vill Méiglechkeeten Zäit gutt ze maachen. D`Zil vum Sloween ass kloer definéiert, eng 4. Kéier d`Vuelta ze gewannen. Fir déi weider Podiumsplazen streide sech am Moment den Enric Mas, Richard Carapaz an Mikel Landa. De Mann vun der 2. Woch war awer de jonke Spuenier Pablo Castrillo. Den 23 Joer jonke Coureur huet 2 x aus der Echappée zougeschloen a sech de Luxus geleescht, staark Coureure wéi den Alexander Vlasov a Pavel Sivakov hannert sech ze loossen.

Um Dënschdeg gëtt et mat der Arrivée zu Lagos de Covadonga eng weider Arrivée um Sommet. Do kéint de Roglic dem Ben O`Connor nees eemol Zäit a vläicht souguer de Maillot vum Leader ofknäppen.