D'Lëtzebuergerin huet op der EM am Cyclissem eng Bronzemedail gewonnen. Dono stoung d'Marie Schreiber eis Ried an Äntwert.

Am Zäitfuere bei den Espoire konnt sech d'Marie Schreiber e Mëttwoch déi drëtte Plaz an domadder och d'Bronzemedail sécheren. 31 Kilometer eleng fuere war scho laang, esou d'Marie Schreiber, mä "wann ee bis an deem Tunnel ass", kënnt et engem net méi esou vir: "Mir ass et iergendwéi net méi esou virkomm wéi 40 Minutten. Ech sinn einfach voll gefuer. An da kucken, esou schnell wéi méiglech um Finish ze sinn."

U sech hat d'Marie Schreiber sech net direkt en Zil gesat. "Ech selwer gesi mech net als Zäitfuerspezialist", esou d'Bronzemedailegewënnerin an eben dëser Disziplin. Hätt een hir dat virun zwee Joer gesot, wier d'Äntwert wuel "Boah, sécher net" gewiescht. Dat lescht Joer huet si sech awer méi un dës Disziplin erugetaascht an och d'Positioun um Vëlo adaptéiert. "Ech fuere mol einfach an da kucke mer wat, wat derbäi erauskënnt", war d'Devise fir e Mëttwoch. "An ech mengen, et huet mer gutt gedoen, fir einfach eng Course kënnen ze fueren, einfach ouni Drock. Also guer näischt wat ech mer virgeholl hunn, einfach just fueren a Gas ginn a kucken, wat der bäi erauskënnt."

D'Marie Schreiber war sech bewosst, datt si aktuell gutt a Form ass, mä awer Drëtt ze ginn, ass wuel fir e puer Leit net esou onerwaart komm, "mee fir mech awer effektiv e bësse onerwaart, well ech guer net wousst, wou ech dru wier." Och iwwert eng 10. Plaz hätt sech d'Lëtzebuergerin gefreet, well se ebe keen Unhaltspunkt hat, wou si an dëser Kompetitioun dru wier.

Och d'Konditioune vun der Course, mat deels vill Wand, ware méi speziell. Op den oppene Plazen, grad déi éischt a lescht Kilometere vun der Course, huet dëse "mech bal vum Vëlo geblosen", esou  d'Cyclistin. De Reen, deen dunn nach koum, huet der Marie Schreiber an d'Kaarte gespillt. "am Prinzip wousst ech, 'Ok, et reent,  dat hei läit mir.' Well et ass och fir all Mënsch elo naass." De Schluss ass dunn nach e bëssen technesch ginn an do huet d'Lëtzebuergerin hir Chance gesinn, eng Differenz ze maachen. "Ech hunn du kee Risiko geholl an de Kéieren,an déi lescht fënnef Kilometeren eng Kéier gutt opgedréit."

Um Enn waren d'Topp-Plazéierungen no beieneen. Zwou Sekonne méi séier an d'Marie Schreiber kritt Sëlwer, zwou méi lues a si verpasst ganz knapp de Podium. "Mä et war elo néierens, wou ech gesot hätt, 'do hätt ech nach kënnen zwou Sekonnen eraushuelen'. Et war wierklech mengen ech de Maximum, deen dra war."

Mam Bléck op d'Stroossecourse e Freideg ass d'Zil vun der jonker Sportlerin, fir eng gutt Course ze fueren. "Esou gesi spillt d'Resultat herno keng Roll, wann ech keen Topp-Resultat hunn an ech soen, 'ech sinn topp gefuer, méi war net dran', da war et dat. Mä, egal wat e Freideg erauskënnt, ech mengen, meng EM ass scho méi wéi gelongen."

Fir vill Leit ass d'Marie Schreiber éischter en Numm aus dem Cyclocross. No nach e puer wichtege Rendez-vousen op der Strooss, wäert si am Oktober och nees de Vëlo wiesselen.

Cyclissem-EM: Gutt Resultat vun der Marie Schreiber
Bei den Espoire ass d'Lëtzebuergerin op déi drëtte Plaz komm. Ma och d'Resultater vun den aneren Net-Profie léist sech weisen.