Bronze fir Marie Schreiber bei U23-Dammen, Plaz 14 fir Alex Kirsch bei der Elite
Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg ginn zu Hasselt an der Belsch d'Europameeschterschaften am Cyclissem gefuer.
Op der EM am Zäitfueren zu Hasselt an der Belsch gewënnt d'Marie Schreiber Bronze am Zäitfuere bei den Espoire Dammen. Iwwer déi 31,3 Kilometer ware just d'Anniina Ahtosalo aus Finnland an déi däitsch Weltmeeschterin Antonia Niedermaier méi séier wéi d'Lëtzebuerger Championne. Op der Arrivée hat d'Marie Schreiber e Retard vun 32 Sekonnen op d'Ahtosalo, op déi 2. Plaz hunn dräi Sekonne gefeelt. E Freideg de Moie geet d'Marie Schreiber un den Depart vun der Stroossecourse.
Kockelmann gëtt 21. bei den Espoiren
Bei den Espoir Männer gouf et am Zäitfueren op der EM eng Victoire fir den Alec Segaert aus de Belsch. Hie konnt domat säin Titel aus dem leschte Joer verdeedegen. De Segaert hat no 31,2 Kilometer eng Avance vun 31 Sekonnen op de Schweed Jakob Söderqvist. De Söderqvist hat am Mee d'Zäitfuere vun der Flèche du Sud hei am Land gewonnen. Op déi 3. Plaz koum de Wessel Mouris aus Holland mat engem Retard vu 34 Sekonnen. De Mathieu Kockelmann konnt sech mat engem Retard vun 2 Minutten an 42 Sekonnen op der 21. Plaz klasséieren.

© FSCL / Hugo Barthelemy
Alex Kirsch 14. bei der Elite
Den Alex Kirsch konnt sech bei der Elite vun den Häre mat engem Retard vun enger Minutt an 33 Sekonnen op den neien Europameeschter Edoardo Affini als 14. klasséieren. De Lëtzebuerger Champion Arthur Kluckers gëtt den 18. op 2 Minutten an 10 Sekonnen.
D'Resultater vun den Hären an Dammen Elite fannt Dir hei.
Gwen Nothum 6. bei de Junior Dammen
Den Optakt vun de Courssen haten awer e Mëttwoch de Moien d'Junior Damme gemaach. Iwwer eng Distanz vun 13,3 Kilometer konnt sech d'Gwen Nothum op der ganz gudder 6. Plaz klasséieren. Déi 17 Joer jonk Sportlerin hat e Retard vu 44 Sekonnen op déi nei Europameeschterin Paula Ostiz Taco aus Spuenien. Op déi 2. Plaz mat just enger Sekonn Retard koum d'Fee Knaven aus Holland, Bronzemedail war fir d'Viktoria Chladonova aus der Slowakei.
Lëtzebuerg schéckt 22 Sportlerinnen a Sportler
Am Ganzen huet Lëtzebuerg eng Delegatioun vun 22 Sportler a Sportlerinnen op d'EM geschéckt. Nom Zäitfueren e Mëttwoch si vun e Freideg un d'FSCL-Sportler bei de Stroossecourssen am Asaz.