Zu Hasselt an der Belsch gëtt aktuell d'Europameeschterschaft am Cyclissem gefuer.

Bei der Elite vun de Männer konnt sech iwwerraschend den Italieener Edoardo Affini duerchsetzen. Hien hat an der Zäit vu 35 Minutten a 15 Sekonnen iwwer déi 31,2 Kilometer eng Moyenne vun iwwer 53 Kilometer an der Stonn. Op der 2. Plaz konnt sech de Schwäizer Stefan Küng klasséieren. Den zweefachen Europameeschter hat op der Arrivée e Retard vun 10 Sekonnen. Déi 3. Plaz war fir dem Affini säi Landsmann Mattia Cattaneo.

Den Alex Kirsch konnt sech mat engem Retard vun enger Minutt an 33 Sekonnen als 14. klasséieren. De Lëtzebuerger Champion Arthur Kluckers gëtt den 18. op 2 Minutten an 10 Sekonnen.

Extrait Alex Kirsch

D'Lotte Kopecky wënnt bei den Dammen

Bei den Damme gëtt et eng belsch Victoire fir d'Lotte Kopecky. Si hat no den 31,2 Kilometer eng Avance vu 44 Sekonnen op d'Ellen Van Dijk aus Holland. D'Bronzemedail war fir d'Christina Schweinberger aus Éisträich.

Et war keng Lëtzebuergerin beim Zäitfuere vun den Dammen um Depart. D'Christine Majerus an d'Nina Berton konzentréiere sech op d'Stroossecourse e Samschdeg.

E Mëttwoch an der Mëttegstonn hat sech d'Marie Schreiber Bronze bei den Espoire Damme geséchert.

Déi nächst Courssen, wou nees Lëtzebuerger Coureuren dobäi sinn, si fir e Freideg programméiert.

D'Resultater vun den Dammen an Hären

Hären:

1 AFFINI Edoardo Italy 35.15,47
2 KÜNG Stefan Switzerland 0.09,59
3 CATTANEO Mattia Italy 0.19,66
4 HOOLE Daan Netherlands 0.26,85
5 ARENSMAN Thymen Netherlands 0.53,72
6 CAMPENAERTS Victor Belgium 0.56,34
7 POLITT Nils Germany 1.00,97
8 ASGREEN Kasper Denmark 1.06,93
9 WÆRENSKJOLD Søren Norway 1.09,85
10 WALSCHEID Max Germany 1.12,89
 ...
14 KIRSCH Alex Luxembourg 1.32,73
18 KLUCKERS Arthur Luxembourg 2.09,81
 
Dammen:

1 KOPECKY Lotte Belgium 39.00,791
2 VAN DIJK Ellen Netherlands 0.43,601
3 SCHWEINBERGER Christina Austria 1.02,969
4 MARKUS Riejanne Netherlands 1.04,988
5 GUAZZINI Vittoria Italy 1.08,938
6 AALERUD Katrine Norway 1.24,505
7 KRÖGER Mieke Germany 1.48,277
8 BUJAK Eugenia Slovenia 1.52,196
9 KOERNER Rebecca Denmark 2.08,778
10 KIESENHOFER Anna Austria 2.10,791