D'Gwen Nothum an d'Lena Lallemang hu sech bei der Stroossecourse vun de Junior-Dammen allebéid an den Top10 placéiert.

Op der Europameeschterschaft am Cyclissem zu Hasselt an der Belsch ass e Sonndeg de Moien d'Course vun de Junior-Damme gefuer ginn. Op deem 72,9 Kilometer laangen, flaache Parcours ware mat Gwen Nothum, déi e Mëttwoch beim Zäitfueren op déi gutt 6. Plaz gefuer war, a Lena Lallemang zwou Lëtzebuergerinnen um Depart.

Et ass e kompakte Peloton op déi lescht Kilometer gaangen, Nothum a Lallemang waren dacks an den éischte Positiounen ze erkennen. Et war déi däitsch Nationalekipp, déi op den dräi leschte Kilometer de Sprint preparéiert huet. 2,3 Kilometer virun der Arrivée huet d'Gwen Nothum attackéiert, de Peloton huet sech awer net iwwerrasche gelooss.

Op de leschte 400 Meter gouf et am Peloton eng grouss Chute, Nothum a Lallemang konnten déi awer evitéieren. Op de leschte Meter war d'Hollännerin Puck Langenbarg déi Séierst a konnt sech den Titel sécheren. Sëlwer ass fir d'Messane Bräutigam aus Däitschland a Bronze fir d'Štěpánka Dubkova aus Tschechien. D'Gwen Nothum an d'Lena Lallemang hu sech op de ganz gudde Plazen 8 an 10 klasséiert.

Top 10 vun der Course am Iwwerbléck

1 LANGENBARG Puck, Holland,  1:43:15
2 BRÄUTIGAM Messane, Däitschland, ,,
3 DUBCOVÁ Štěpánka, Tschechien, ,,
4 GERY Célia, Frankräich, ,,
5 HEZINOVÁ Daniela, Tschechien, ,,
6 OSTIZ Paula, Spuenien, ,,
7 DE BUYSSER Auke, Belsch, ,,
8 NOTHUM Gwen, Lëtzebuerg, ,,
9  GJERTSEN Mia, Norwegen, ,,
10 LALLEMANG Lena, Lëtzebuerg, ,,