Tim Merlier Europameeschter, Alex Kirsch gëtt 10.

© Lidl-Trek (Archiv)
Bei den Häre goung et wéi bei den Damme vun Heusden-Zolder op Hasselt, et waren awer 223 Kilometer zeréckzeleeën. Den Alex Kirsch war bis zum Schluss dobäi
Bei der néngter Editioun vun der Europameeschterschaft gouf et eng Victoire am Sprint vum Tim Merlier. De Belsch huet op de leschte Meter dovu profitéiert, dass d'Italieener de Sprint lancéiert haten. Den Olav Kooij gouf Zweeten, virum Madis Mihkels aus Estland. Den Alex Kirsch gouf staarken 10.
Op den éischten 100 Kilometer ware vill Attacken, déi awer net richteg fortkomm sinn. Den Arthur Kluckers war ëmmer erëm mat dobäi, fir mat an d'Echappée ze goen. De Lëtzebuerger Zäitfuer-Champion war zum Beispill fir e puer Kilometer an enger Grupp mam Mads Pedersen a mam Weltmeeschter Mathieu van der Poel ënnerwee. Laang Kilometer si si mat e puer Sekonne vir ewech gefuer.
Am Peloton hunn awer d'italieenesch an d'belsch Nationalekipp den Ecart ëmmer nees zougefuer an hunn d'Gruppen ëmmer nees agefaangen. Nieft dem Arthur Kluckers an dem Alex Kirsch waren aus Lëtzebuerger Siicht nach de Loïc Bettendorf, de Charel Meyers, den Tom Paquet an den Tom Wirtgen um Depart.
Am leschten Tour ronderëm Hasselt ass ëmmer nees attackéiert ginn, den Alex Kirsch war zu deem Ament nach de leschte Lëtzebuerger am Peloton. Et ware virun allem d'Dänen, déi ofwiesselend attackéiert hunn, sech awer net vum Peloton ofsetze konnten. Op de leschte Kilometer hunn d'Italieener den Tempo gemaach an de Sprint fir de Jonathan Milan lancéiert, mee de Belsch Merlier koum quasi aus dem Näischt vun hannen an huet de Sprint fir sech entscheet. Den Alex Kirsch war wärend dem Sprint am hënneschte Rad vum Mads Pedersen, huet awer net an déi final Decisioun kënnen agräifen.
Klassement vun der Course
1 MERLIER Tim, Belsch 4:37:09
2 KOOIJ Olav, Holland 0:00
3 MIHKELS Madis, Estland 0:00
4 PHILIPSEN Jasper, Belsch 0:00
5 KRISTOFF Alexander, Norwegen 0:00
6 PEDERSEN Mads, Dänemark 0:00
7 BITTNER Pavel, Tschechien 0:00
8 ANIOLKOWSKI Stanislaw, Polen 0:00
9 LAPORTE Christophe, Frankräich 0:00
10 KIRSCH Alex, Lëtzebuerg 0:00
...
79 KLUCKERS Arthur 7:28