Däitschen Niklas Behrens wënnt Gold, Arno Wallenborn gëtt 14.
E Freideg ass op der Cyclissem-WM zu Zürich an der Schwäiz d'Course vun den Espoiren iwwer 173,6 Kilometer gefuer ginn.
Op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem gewënnt e Freideg bei den Espoiren den Däitschen Niklas Behrens d'Goldmedail. Hie setzt sech am Sprint géint de Slowak Martin Svrcek duerch. Op déi drëtte Plaz kënnt de Belsch Alec Segaert op 28 Sekonnen.
Den Arno Wallenborn gëtt als beschte Lëtzebuerger de 14. op iwwer 4 Minutten.
Um RTL Play kënnt Dir d'Course am Replay kucken.
De Resumé vun der Course
Nom Depart waren et den Neiséilänner Lewis Bower an den US-Amerikaner Cole Kessler, déi sech konnte vum Peloton ofsetzen. Méi spéit ass och nach de Britt Robert Donaldson dobäi komm. Hir Avance ass awer net iwwer eng Minutt geklommen.
No zwee méi relativ flaachen Tier ronderëm de Greifensee gouf d'Echappée, kuerz ier et op de Circuit vun der WM gaangen ass, agefaangen. Deen Ament koum et direkt zu Konterattacken an de Peloton ass ausenee gefuer. D'Moyenne louch bis dohinner bei 46 Kilometer an der Stonn.
Nom éischte Passage op der Arrivée ass et eng éischte Kéier ganz géi biergop gaangen. Hei huet de Mexikaner Isaac del Torro attackéiert an de Peloton ass fir zerguttst ausenee gefuer. Aus Lëtzebuerger Siicht ware just nach de Mats Wenzel an den Arno Wallenborn eng gutt 100 Kilometer virun der Arrivée am éischte Grupp mat dobäi.
Zesumme mam Fransous Noa Isidore huet den Arno Wallenborn sech probéiert vum Spëtzegrupp ofzesetzen. Dat ass hinnen och gelongen a si konnten eng 15 Sekonnen Avance erausfueren. Ënnert dem Impuls vun de Britte goufe si awer no ronn 5 Kilometer Echappée nees agefaangen.
Nach virum 2. Passage op der Ligne d'Arrivée huet de Mats Wenzel aus dem éischte Grupp musse lassloossen. Just den Arno Wallenborn war nach bei deenen Éischte mat dobäi. Duerch de ville Reen ass d'Course ëmmer méi schwéier ginn. Ëmmer nees gouf et Attacken ouni datt sech awer ee Grupp konnt seriö ofsetzen.
Nom 3 Passage op der Arrivée an der gëfteger Montée vun iwwer 17 Prozent huet de Jan Christen acceleréiert. Duerch dem Schwäizer seng Attack ass de Spëtzepeloton komplett ausenee gefuer an och den Arno Wallenborn huet musse lassloossen. Hien huet et awer fäerdeg bruecht, sech an engem gréissere Grupp unzepaken. De Jan Christen konnt eng Avance vu ronn 50 Sekonnen op een éischte klenge Grupp erausfueren. Richtung Arrivée ass déi Avance awer ëmmer méi kleng ginn an eng 10 Kilometer virum wäisse Stréch gouf de Schwäizer vum Däitschen Niklas Behrens an dem Slowak Martin Svrcek agefaangen. Den Däitschen huet direkt attackéiert a just de Slowak konnt säi Rad halen. Am Sprint konnt sech de Behrens géint de Svrcek behaapten. De Belsch Alec Segaert gëtt den 3. op 28 Sekonnen.
Den Arno Wallenborn ass eng ganz gutt Course gefuer a gëtt de 14. op véier Minutten an 43 Sekonnen.
D'Resultat vun der Course
1 BEHRENS Niklas Germany 3:57:24
2 SVRČEK Martin Slovakia ,,
3 SEGAERT Alec Belgium 0:28
4 CHRISTEN Jan Switzerland 0:39
5 BLACKMORE Joseph Great Britain 0:46
6 DEL TORO Isaac Mexico ,,
7 WIDAR Jarno Belgium 0:50
8 DEL GROSSO Tibor Netherlands 1:25
9 ROMEO Iván Spain 2:27
10 ARRIETA Igor Spain 2:45
...
14 WALLENBORN Arno Luxembourg 4:43
67 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 15:43
76 KESS Alexandre Luxembourg ,,
DNF URY Noé Luxembourg
DNF WENZEL Mats Luxembourg