Den Tadej Pogacar gewënnt fir déi 4. Kéier um Stéck

© AFP
Bei der 118. Editioun vun der "Il Lombardia" ass et fir d'Coureuren um Samschdeg iwwer 255 Kilometer vu Bergamo op Como gaangen.
An nees war d'Victoire fir den Tadej Pogacar, deen déi lescht knapp 50 Kilometer no senger decisiver Attack eleng zeréckgeluecht huet.
Et ass säi véierte Succès um Stéck bei der "Il Lombardia", woumat hien dee knapp 80 Joer ale Rekord vum Fausto Coppi egaliséiert. Mat enger Avance vun 3 Minutten a 16 Sekonne brécht de Slowen donieft de Rekord vum Tony Rominger fir de Succès mam gréisste Virsprong zanter 1980.
Op déi zweet Plaz huet et de Belsch Remco Evenepoel gepackt, komplettéiert gouf de Podium vum Italiener Giulio Ciccone. De Michel Ries ass mat engem Retard vu 24:41 Minutten den 117. ginn. De Bob Jungels an de Luc Wirtgen sinn d'Course net op en Enn gefuer.
Eng Echappée aus ronn 20 Coureuren hat sech fréi e puer Minutte vum Peloton ofgesat, ass am Colmo di Sormano eng 50 Kilometer viru Schluss awer auserneegefall.
48,5 Kilometer virun der Arrivée war dunn och de leschte Coureur vum Peloton ageholl, an deem UAE Team Emirates den Tempo uginn huet. Direkt duerno huet de Weltmeeschter Pogacar seng Attack lancéiert, déi kee matgoe konnt.
Uewen um Col hat de Pogacar schonn eng Avance vun iwwer enger Minutt op déi dräi Verfolger Evenepoel, Mas a Van Eetvelt. Do huet den Evenepoel sech kuerz drop ofgesat a war doropshin och eleng ënnerwee, ma 20 Kilometer virun der Zillinn louch de Virsprong vum Pogacar scho bei knapps 2 Minutten.
Um Enn setzt de Pogacar sech no enger weiderer dominanter Leeschtung duerch a wënnt dës Course fir déi 4. Kéier um Stéck. De Remco Evenepoel ass op déi 2. Plaz komm, den Duell ëm Plaz 3 huet den Giulio Ciccone gewonnen.
D'Klassement
1 POGACAR Tadej UAE Team Emirates 6:04:58
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step +3:16
3 CICCONE Giulio Lidl - Trek +4:31
4 IZAGIRRE Ion Cofidis +4:34
5 MAS Enric Movistar Team ,,
6 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates ,,
7 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny ,,
8 POWLESS Neilson EF Education - EasyPost +4:58
9 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
10 MEURISSE Xandro Alpecin - Deceuninck ,,
...
117 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels +24:41