Bei der Cyclocross-EM zu Pontevedra a Spuenien hu sech den Thibau Nys bei den Hären an d'Fem van Empel bei den Dammen den Europameeschtertitel geséchert.

Den Thibau Nys aus der Belsch hat an der Course vun der Hären-Elite eng Avance vun 3 Sekonnen op de Spuenier Felipe Orts Lloret. Op déi 3. Plaz koum den zweete Belsch Eli Iserbyt. Hien hat e Retard vun 9 Sekonnen op de Gewënner.

Bei den Dammen huet sech d'Hollännerin Fem van Empel am Sprint géint Ceylin Alvarado duerchgesat. De Podium gouf vum Lucinda Brand mat engem Retard vu 7 Sekonne komplettéiert. De Podium war domadder komplett an hollännescher Hand. Bei den U23-Dammen huet d'Marie Schreiber sech op der ganz gudder 2. Plaz klasséiert an d'Sëlwermedail kritt.

D'Resultater vun den Hären

1 NYS Thibau
2 ORTS LLORET Felipe +0:03
3 ISERBYT Eli +0:09
4 VANDEPUTTE Niels +0:15
5 VAN DER HAAR Lars +0:24
6 MENUT David +0:32
7 KUYPERS Gerben +0:34
8 BOROS Michael ,,
9 SWEECK Laurens 0:50
10 VANTHOURENHOUT Michael +1:01

D'Resultater vun den Dammen

1 VAN EMPEL Fem 50:41
2 ALVARADO Ceylin Del Carmen ,,
3 BRAND Lucinda +0:07
4 CASASOLA Sara +0:10
5 FOUQUENET Amandine +0:17
6 FRANCK Alicia ,,
7 VERDONSCHOT Laura +0:18
8 CLAUZEL Hélène +0:26
9 VAN ALPHEN Aniek +0:27
10 GONZALEZ BLANCO Lucia +0:50