Christine Majerus wënnt lescht Course vun hirer Karriär
Am Cyclocross gouf et zu Dikrech beim Grand Prix de l‘Armée bei den Dammen eng Victoire vum Christine Majerus.
Dës regional Course, eng Manche vum Skoda Cross Cup, war dee leschten Optrëtt an der Karriär vun der Cyclistin aus der Elite-Sport-Sektioun vun der Arméi. Eng exzeptionell Karriär ass domadder um Dikrecher Härebierg op en Enn gaangen. D‘Christine Majerus huet 43 Lëtzebuerger Championstitele gesammelt, war op 4 Olympesche Spiller dobäi, a gouf 7 Mol Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer.
Um 16 Minutten op 2 sinn Dammen de Mëtteg zu Dikrech un den Depart gaangen. Dammecourse gëtt bei regionale Crossen eng Minutt hannert der Débutants-Kategorie gestart a sou war fir e bësse méi wéi eng Hallef Stonn relativ vill op deem 2,7 Kilometer laange Parcours lass. D'Christine Majerus ass bei der 2. Editioun vum Grand Prix de l`Armée genee wéi alleguer déi aner Sportler aus der Section de Sport d'Elite de l`Armée, kuerz SSEA, am Maillot vun der Arméi gefuer, eng grouss Éier fir Si an e Merci fir déi Jorelaang Ënnerstëtzung.
D'Christine Majerus huet hire lescht Cross wéi ze erwaarden dominéiert. D'Plazen 2 an 3 ware fir déi 2 Nowuesshoffnungen Nina Berton a Gwen Nothum. No der Course war fir d`Christine Majerus de Moment komm fir zesumme mat hiren treiste Supporter de Moment ze genéissen an iwwer Vergaangenes ze reflektéieren. Um Podium war Zäit fir ze féieren. Déi vill Léit déi sech dofir afonnt haten hunn der Championne Christine Majerus hir Karriär mat vill Applaus honoréiert.
Bei der Elite vun den Häre gouf et e Succès vum Loïc Bettendorf virum Raphael Kockelmann an dem Belsch Elio Clarysse.