Loïc Bettendorff Beschten zu Zéisseng
D'Podiumsplaze ware fir den Jermaine Zemke an de Raphaël Kockelmann. Et war eng weider Manche vum Skoda Cross Cup.
Trotz dem Reen an dem Schnéi aus de leschten Deeg war de Circuit zu Zéisseng gutt ze fueren. Et war en Test fir de Circuit a fir d'Coureuren, well den 12. Januar 2025 ginn op dësem Parcours déi nei Championen am Cyclocross gesicht.
Obwuel de Raphaël Kockelmann de beschten Depart hat, war et um Enn vun de 7 Tier de Loïc Bettendorff, dee sech iwwer d'Victoire freeën duerft. Den aktuelle Champion huet seng Konkurrenten ab der zweeter Ronn kloer op Distanz gehalen. Hannendrun huet sech e klenge Grupp mat Kockelmann, Berton a Ken Conter forméiert, déi sech ëm déi aner Plaze gestridden hunn.
Aus dëser Grupp konnt sech den Jermaine Zemke, e jonken Däitschen, zwee Tier viru Schluss ofsetzen a gouf Zweeten. De Raphaël Kockelmann huet sech déi 3. Plaz geséchert.