Marie Schreiber fiert zu Dublin op déi 7. Plaz

© AFP
D'Victoire konnt sech bei den Dammen d'Lucinda Brand sécheren.
E Sonndeg de Mëtteg war zu Dublin déi zweet Manche vum Cyclocross-Weltcup. De leschte Weekend war d'Marie Schreiber direkt mat enger Podiumsplaz an de Weltcup gestart.
Um Parcours an der irescher Haaptstad gouf et bei den Dammen um Enn eng Victoire fir d'Lucinda Brand. D'Hollännerin war no 47:24 Minutte ukomm a konnt sech sou virun hirer Landsfra an der Gewënnerin vum leschte Weekend Fem van Empel op 24 Sekonnen duerchsetzen. D'Zoe Backstedt aus Groussbritannien huet de Podium mat engem Retard vun 1:03 Minutt komplettéiert. Fir d'Marie Schreiber stoung um Enn vun der Course déi 7. Plaz, dat mat engem Ecart vun 1:55 Minutt.
Am Generalklassement deele sech béid Hollännerinnen Lucinda Brand a Fem van Empel déi éischt Plaz mat jeeweils 70 Punkten. D'Marie Schreiber steet hei mat 44 Punkten zesumme mam Zoe Backstedt op der 3. Plaz.
Bei den Häre gouf et dann nach ee Succès vum Michael Vanthourenhout, dee sech mat engem knappen Ecart vu jeeweils just enger Sekonn viru sengem Landsmann Toon Aerts an och dem Spuenier Felipe Orts Lloret duerchsetze konnt.
Déi nächst Manche vum Cyclocross-Weltcup steet schonn den nächste Sonndeg um Programm. Gefuer gëtt dann am italieenesche Cabras op Sardinien.