Fréiere Weltmeeschter
Rik Van Looy ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen

De Rick Van Looy, hei riets am Bild, gouf bei der Course Paräis-Bréissel 1964 den Zweeten hannert dem Georges Van Coningsloo.
De Rik Van Looy war senger Zäit ee vun den erfollegräichste Vëlosfuerer a gouf ënnert anerem zweemol Weltmeeschter, dat 1960 an 1961.
Donieft huet de Belsch och Mailand-Sanremo, Paris-Roubaix, Léck-Baaschtnech-Léck an den Tour des Flandres gewonnen. Zwee Deeg viru sengem 91. Gebuertsdag ass de Rik Van Looy gestuerwen.
Am meeschte gelies