Fir d'Cyclocross-Fuerer stoung dëse Weekend en Doubleheader um Programm. No Hulst e Samschdeg war e Sonndeg d'Suite zu Zonhoven an der Belsch.

No hirer Victoire e Samschdeg am hollänneschen Hulst ass d'Marie Schreiber der Spëtzt zu Zonhoven an der Belsch hannendru gefuer.

Highlights vun der Marie Schreiber hirer Victoire zu Hulst
D'Schreiber konnt hir éischt Victoire an engem Weltcup feieren. Et war gläichzäiteg och déi éischt Victoire vun enger Lëtzebuergerin.

D'Lëtzebuergerin war wéi gewinnt gutt nom Depart fortkomm a louch nom éischten Tour an den Top4, mee huet duerno mussen ofräisse loossen. D'21 Joer jonk Lëtzebuergerin huet sech ab dem 3. Tour mam Leonie Bentveld ëm d'Plaz 7 gestridden a ass um Enn och op dëser Plaz iwwer d'Arrivée (+ 2'10'') gefuer.

Vir hu sech am Ufank d'Zoe Backstedt an d'Lucinda Brand e Kapp-u-Kapp-Duell geliwwert. Am 4. Tour koum vun hannen d'Ceylin Alvarado un de Spëtzenduo erun, sou dass et am 5. Tour zu engem kuerzzäitegen Dräikampf koum. D'Alvarado konnt hir Konkurrentinnen awer séier distanzéieren a sech um Enn iwwer d'Victoire freeën. D'Backstedt an d'Brand hu sech am Kampf ëm Plaz 2 näischt geschenkt, mam besseren Ausgang fir d'Brittin.

Weider Resultater

An der Männer-Elite war kee Kraut géint de Mathieu van der Poel gewuess. Den Hollänner konnt sech mat enger komfortabeler Avance op den Thibau Nys iwwer d'Victoire freeën. Den Nys huet sech mam Joran Wyseure ëm d'Plaz 2 gestridden, hat um Enn awer 3 Sekonne Virsprong op säi Landsmann.

Bei den U23 Häre gouf et wéi zu Hulst eng Victoire vum Hollänner Tibor Del Grosso. Dës Kéier war kee Lëtzebuerger un den Depart gaangen.

An der Kategorie vun de Junioren hat den Italieener Mattia Agostinacchio just 1 Sekonn Avance op de Benjamin Noval Suarez. Et waren och véier Lëtzebuerger um Depart. De Lennox Papi gouf 44., de Jonah Flammang-Lies koum op déi 55. Plaz an de Lenn Schmitz huet sech als 68. klasséiert. De Yannis Lang war d'Course net op en Enn gefuer.

Klassement vun den Dammen

1 ALVARADO Ceylin Del Carmen 54:11
2 BACKSTEDT Zoe 0:05
3 BRAND Lucinda 0:15
4 VAN DER HEIJDEN Inge 0:41
5 PIETERSE Puck 0:50
6 VAS Blanka 1:31
7 SCHREIBER Marie 2:10
8 BENTVELD Leonie 2:18
9 CANT Sanne 2:51
10 BAKKER Manon 2:55

Klassement vun den Hären

1 VAN DER POEL Mathieu 1:00:39
2 NYS Thibau 1:30
3 WYSEURE Joran 1:33
4 AERTS Toon 1:41
5 VAN DER HAAR Lars 1:47