Vëlodrom Munneref
Éischt Ronnen am Vëlodrom kéinten a knapp 4 Joer gedréint ginn

De Camille Dahm geet dovunner aus, wann d‘Aarbechten normal virukommen, datt Mëtt bis Enn 2028 déi éischt Tier zu Munneref kéinte gedréit ginn.
Am September 2018 gouf d‘Maquette vum Vëlodrome zu Munneref presentéiert. Deemools ass een dovunner ausgaangen, datt zwee Joer drop déi éischt Baggere géife rullen. Dat war awer net de Fall. Elo ass een awer prett, fir mat de Bauaarbechten unzefänken.
Am RTL-Interview huet de President vun der Vëlosfederatioun Camille Dahm gesot, datt Zesummenaarbecht tëscht den eenzelen Acteuren excellent wier. Een Trainer, dee spezifesch fir den Training op der Bunn ausgebilt gouf, sicht d‘FSCL den Ament net.
Camille Dahm iwwer Vëlodrom / Interview Rich Simon
Am meeschte gelies