Vum Capitaine de Route zum Ingenieur am Stroossebau
De Christophe Hochard huet de fréiere Vëlosproffi op enger Plaz getraff, déi seng sportlech a seng berufflech Karriär symbolesch matenee verbënnt.
Mam Laurent Didier hunn ech Rendez-vous ënnert dem Pont Adolphe, am Volleksmond "Néi Bréck" genannt. Iwwert si fiert den Tram an zanter September 2017 gëtt et och eng Passerelle ënnert der Bréck, dat fir Vëlosfuerer a Foussgänger. D’Bréck mat der Passerelle sti symbolesch fir dem Laurent Didier seng Zäit als Profi-Vëlosfuerer an elo als Mataarbechter bei "Ponts et chaussées".
Mëttlerweil huet de Laurent Didier 40 Joer. Mat senger Fra Carole an dem gemeinsame Bouf vu 7 Joer wunnt de fréiere Profi am Süde vum Land. Zanter Enn 2018 hänkt de Vëlo um Nol. D’Familljeliewen an d’Aarbecht hunn elo Prioritéit am Laurent sengem Liewen.
Vun der Schoulbänk bis de Vëlosproffi
Fir de Laurent hat d’Schoul ëmmer Prioritéit. Dofir war et dem gebiertegen Dippecher wichteg, en Unisdiplom an der Täsch ze hunn, ier konnt un eng Karriär als Vëlosproffi geduecht ginn. No der 13ième Générale goung et op Oochen. "An der Mathé war ech gutt an dofir hunn ech dat ugefaange mat studéieren. Am 2. Joer sinn ech dunn an der Algebra mat 1 + 1 = 0 duerchgefall." De Laurent laacht iwwert d’ganz Gesitt. Doropshi goung et zréck op Lëtzebuerg. Bauingenieur huet hien du geléiert. 2008 hat de Laurent Didier den Diplom an der Täsch. Et war awer net einfach, Schoul a Sport ënnert een Hutt ze kréien.
Saxo Bank: "Zesumme mam Andy a Fränk Schleck an dem Alberto Contador an d’Pedalle gedréckt"
Zwee Joer war de sympathesche Lëtzebuerger an der dänescher Ekipp vum Bjarne Riis aktiv. "Am éischte Joer sinn ech vill Course mam Andy a Fränk Schleck gefuer. Am zweete Joer sinn ech mam Alberto Contador de Giro gefuer". Mat Hëllef vum Lëtzebuerger Profi gewënnt de Spuenier 2011 des Etappecourse. "An duerno koum d’Joer 2012", sou de Laurent weider. "D’Lëtzebuerger Ekipp mat Leopard war gebuer", erzielt mir e ganz enthusiastesche Mann seng Geschicht als Vëlosprofi.
"2013 war speziell mat véier Lëtzebuerger Profien an enger Ekipp"
Mat de Gebridder Schleck, dem Bob Jungels an dem Laurent Didier ware gläich véier Lëtzebuerger an eng an där selwechter Ekipp. 2011 als "Leopard – Trek" gegrënnt, huet sech d’Ekipp duerno "RadioShack - Nissan" respektiv "RadioShack - Leopard" genannt.
"Véier Lëtzebuerger an enger Ekipp ze hunn, ass scho flott, wann een dann ugangs vum Joer an de Stage fiert. Dann gëtt och scho mol Lëtzebuergesch geschwat", erzielt mir de Laurent Didier seng Erliefnisser.
"Wei Trek d’Iwwerhand vum Sponsoring iwwerholl huet, ass et dunn och méi op déi amerikanesch Schinn gaangen", seet de Laurent am RTL Interview.
"Als Profi wëll een onbedéngt beim Tour de France dobäi sinn"
Vun enger Participatioun bei der weltwäit gréisster Vëloscourse dreemt wuel all Profi. Esou och de Laurent Didier. Zweemol huet de Lëtzebuerger Cyclist um Tour de France deelgeholl:2013 an 2015. Mat der Ekipp huet hien um Enn ni d’Grande Boucle gewonnen. An awer goufen et schéi Momenter.
2014 gouf de Laurent net selektionéiert. "Deemools war ech ganz gutt a Form. Well awer e Co-Ekipier den amerikanesche Championstrikot op senge Schëllere gedroen huet, gouf hie matgeholl. (dat war de Matthew Busche, NvdR) Do ass et net méi ëm d’Leeschtung gaangen”, seet den Ex -Vëlosproffi am Gespréich.
Fënnef Mol beim d'Giro matgefuer an zwou Vuelta Etappecourssen erlieft. Op 25.000 Kilometer am Joer ass de Laurent Didier wärend senger Zäit als Profi um Vëlo komm. "Den Degoût an de Vëlo hunn ech awer keen."
De Fils vum Lucien Didier an Enkel vum fréiere Vëlosprofi Bim Diederich erënnert sech gären u seng Zäit mat sengem Grousspapp zréck. "Mäi Bop huet zu Péiteng gewunnt. Ech sinn dacks mat him zesummen trainéiere gefuer. Op de Vëlosweeër ware mir ënnerwee. En Tour vu ronn 20 Kilometer hu mir da gemaach, " erzielt mir de Laurent ganz houfreg. "Mäi Bop war schonn houfreg op mech".
Obwuel de Laurent an enger Vëlosfamill op d’Welt koum, gouf et ni en Zwang, spéider och dës Sportaart ze maachen. "Ech hu mat Lafen ugefaangen, am CAL. Mir waren am Auto ënnerwee an d’Stad op den Halentraining, wei mäi Papp mech gefrot huet, ob ech léiwer wéilt Lafen oder Vëlo fueren". Sou erzielt mir de fréiere Profi säin Optakt am Cyclissem.
"Wann ech ka wielen, géif ech léiwer de Vëlo huelen", huet de Laurent du sengem Papp am Auto geäntwert.
Vum Drotiesel bei "Ponts et chaussées"
Bauingenieur ass de Laurent Didier vu Beruff. E Bachelor am génie civil huet hien. "Nom Staatsexamen hunn ech mech op zwou Plaze gemellt. Dat war bei Bâtiment Public a bei Ponts et chaussées". Ufank 2019 stoung en internen Exame bei der Stroossebauverwaltung um Programm. Nodeems de Laurent dee gepackt hat, huet hien am Mäerz 2019 mat schaffen ugefaangen. Am Service "Projets" vun der Divisioun «Ouvrages d’art» ass de Laurent aktiv.
Fir Sport am allgemengen a méi konkret de Vëlo ass aktuell manner Zäit a Plaz am Liewe vum Laurent Didier. Am Wanter geet hien emol iwwer d’Mëttesstonn lafen an am Summer fiert de fréiere Profi mol mam Vëlo op d’Schaff. "Sonndesmoies eng dräi Stonne Vëlo fueregoen, packen ech net méi."
"No menger aktiver Karriär gouf mir de Poste vum Directeur Sportif ugebueden. Dat huet mir awer net zougesot. An där Fonctioun ass ee vill ënnerwee. Et sinn dacks Kontrakter op 2 Joer wou een sech da freet op et seng Ekipp no där Zäit iwwerhaapt nach gëtt", erzielt mir den Ex-Vëlosprofi am Interview.