De Lëtzebuerger konnt e Sonndeg op der leschter Etapp seng Plaz um Podium verdeedegen.

De Kevin Geniets ass bei der Étoile de Bessèges op de Podium gefuer. De Lëtzebuerger Champion ass op der leschter Etapp, engem Zäitfueren iwwer 10,6 Kilometer, deen 8. ginn a konnt domadder seng drëtte Plaz am General verdeedegen.

De Kévin Vauquelin huet déi lescht Etapp an och de General fir sech entscheet. De Fransous huet um Enn eng Avance vun enger Minutt an 22 Sekonnen op de Belsch Dylan Teuns. De Kevin Geniets hat e Retard vun enger Minutt a 35 Sekonnen op de Vauquelin.

D'Ekippe Lidl - Trek mam Alex Kirsch, Soudal - Quick-Step, Decathlon - AG2R La Mondiale, Red Bull - Bora-hansgrohe, EF Education - EasyPost, Uno-X Mobility wéi och Unibet - Tietema Rockets sinn dës Editioun vun der Étoile de Bessèges net op en Enn gefuer, well fir si d'Sécherheet vun de Coureuren net garantéiert war. Zweemol war et zu engem Tëschefall mat engem Auto komm, deen de Coureuren entgéint komm war. Zum Gléck ass näischt Schlëmmeres geschitt.

D'Klassement vun der Etapp

1 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 0:15:07
2 CAVAGNA Rémi Groupama - FDJ 0:19
3 TEUNS Dylan Cofidis 0:21
4 GUERNALEC Thibault Arkéa - B&B Hotels 0:24
5 DECOMBLE Maxime Groupama - FDJ 0:25
6 VAN HEMELEN Vincent Team Flanders - Baloise 0:29
7 LATOUR Pierre Team TotalEnergies 0:35
8 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:38
9 TOUZÉ Damien Cofidis 0:43
10 KNIGHT Oliver Cofidis 0:45

D'Schlussklassement

1 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 13:20:40
2 TEUNS Dylan Cofidis 1:22
3 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:35
4 LATOUR Pierre Team TotalEnergies 1:46
5 GUERNALEC Thibault Arkéa - B&B Hotels 1:55
6 BREUILLARD Nicolas St Michel - Preference Home - Auber93 1:56
7 TOUZÉ Damien Cofidis 2:02
8 VAN HEMELEN Vincent Team Flanders - Baloise 2:20
9 CHAMPION Thomas St Michel - Preference Home - Auber93 2:23
10 DOUBEY Fabien Team TotalEnergies 2:41