Vum Vëlo bei d’Arméi - "E Liewen ouni Vëlo konnt ech mir laang net virstellen"
Eng 16 Joer laang Karriär ass eriwwer. D'Christine Majerus huet am November 2024 dem professionelle Vëlossport Äddi gesot.
Mat Liichtathletik an Tennis huet dem Christine Majerus hir sportlech Karriär ugefaangen. Séier war der Sportlerin awer kloer: "Ech well op de Vëlo". "Bei eis doheem am Keller ware vill Vëloen, well mäi Brudder war op ville Competitiounen ënnerwee", esou d’Christine am RTL-Interview. Am Ufank war de Sport awer net als Haaptberuff virgesinn.
15 Joer laang Karriär
Mat 18 – 19 Joer huet d’Christine Majerus ugefaangen Courssen ze fueren. "Ech hunn déi Ufank schlecht Momenter am Fraevëlossport erlieft awer och déi ganz Gutt zum Schluss". Si ass frou déi ganz Evolutioun mat erlieft ze hunn.
"Am Tennis, Liichtathletik an Triathlon gouf keng Differenz tëscht Bouwen a Meedercher gemaach. Mir ware just Kanner, déi Sport gemaach hunn. Am Vëlossport hunn ech séier festgestallt, dass een als Meedchen net déi selwecht Courssen huet, dass mir net déi selwecht Präisgelder a Strukturen ewéi d’Jongen hunn". Fir d’Christine gouf et kee Grond ze soen, de Vëlossport ass nëmme fir d’Bouwen.
"Mir sinn nach ëmmer vill Meedercher déi sou gutt sinn ewéi d’Bouwen. Eis Course sinn och spannend och wa mir manner laang fueren an och e bëssi manner séier", esou d’Lëtzebuerger Sportlerin am RTL-Gespréich. Beim Zéissenger Veräi war si hei zu Lëtzebuerg lizenzéiert. Trainer war de Michel Zangerlé.
"Ouni Stroossecourse, keng Karriär"
D’Christine ass am Léifsten am Bulli gefuer. D’Stroossecoursse waren awer wichteg fir hir Karriär. Hei huet déi sympathesch Fra nämlech hir Profikontrakter kritt, an domadder och eng Pai a ganz dacks vill Freed. "Sengers Ladies Cycling Team" & "Boels-Dolmans" waren ënner anerem d’Profiekippe vum Christine Majerus.
No Hirem Sportstudium a Frankräich huet d’Profikarriär ugefaangen. Si hat e Kontrakt bei der Arméi, 12 Joer laang. "Ech kennen näischt aneschtes ewéi de Vëlossport", esou äntwert d’Christine mir. "Et ass Héichleeschtungssport, do gëtt vill vun engem ofverlaangt. Souwuel psychesch ewéi physesch. Déi lescht 2 Joer waren net einfach fir all déi Sacrificer op mech ze huele fir de Sport sou gutt ze maachen, ewéi mir dat soss ëmmer wichteg war".
"Paräis war e flotte, leschten Héichpunkt"
D’Olympesch Summerspiller an der franséischer Haaptstad war dee leschte grousse sportleche Rendez-vous vum Christine Majerus. No London, Rio an Tokio war dat hir 4.Participatioun bei de Summerspiller. "En Zil vu mir, war do sou gutt ewéi méiglech ze fueren. Iwwer 2024 erausgekuckt, hunn ech keen anert grousst Zil méi gesinn", esou d’Sportlerin. "Dohier meng Decisioun um Enn vum Joer 2024 mat menger Sportlerkarriär opzehalen".
Fir d’Lëtzebuerger Elittesportlerin ware Paräis déi schéinsten Olympesch Summerspiller bei deene si dobäi war. "Vun der Ambiance hir awer och mat menger sportlecher Performance war ech ganz zefridden".
Am November zejoert ass d’Christine Majerus Hir leschte Course gefuer. Dat war zu Dikrech am Cyclocross de "Grousse Präis vun der Arméi". "Am Dezember hunn ech nach e bëssi trainéiert. Ech hunn ëmmer gesot kritt, du solls net vun 100 op 0 eroffueren. Et misst ee säi Kierper lues un de Changement gewinnen". Dat verréit mir d’Athletin wärend eisem Gespréich.

© Emile Mentz
"Vun der Profisportlerin zu engem 8/5 Job"
Zanter Ugangs Februar 2025 schafft d’Christine als Zivilpersoun elo bei der Lëtzebuerger Arméi. Am Büro «d’informations et de recrutement» ass si berufflech aktiv. Hei kréie Leit, déi un enger Karriär bei der Arméi interesséiert sinn, ganz vill Informatiounen doriwwer.
"Elo feelt mir Zäit fir Sport ze maachen. Wann ech elo owes heemkommen, ass et net méi sou prickelnd och vum Wieder hir, fir nach Vëlo ze fueren".

© Emile Mentz
Vun hirer aler Sportsekipp "SD Worx-Protime" huet d’Christine proposéiert kritt, fir an der Ekipp eng Hand mat unzepaken. "Si hu mir gesot, ech soll elo mol a mengem neie Liewe Fouss faassen an no e puer Méint de Responsabele vun der Ekipp e Feedback ginn". "Installéier dech mol an dengem normale Beruffsliewen", sou huet d’Christine gesot kritt. Bei der UCI huet d’Christine Majerus hir Formatioun als Directeur sportif gemaach an ofgeschloss. Bei der Athletikkommissioun vum COSL ass d’Sportlerin och aktiv.
"Ech sinn eng loyal Persoun"
Bei 3 Proficlibb war d’Christine Majerus aktiv. "Et ass éischter seelen engem Club op laang Zäit trei ze bleiwen", sou d’Lëtzebuerger Sportlerin. "De Ben Gastauer klappt mech vläicht. Hie war och laang bei senger Vëlosekipp. Wann et mir enzwousch gutt geet, bleiwen ech gären do". Dëst erzielt d’Christine mir wärend eisem Gespréich.
D’Christine Majerus freet sech op hiert neit Liewen. Ganz ouni Sport geet et awer sécher net.