Bob Jungels bei Sprint-Victoire vum Mads Pedersen op Plaz 13
E Freideg ass et iwwer 209 Kilometer vu Saint-Julien-en-Saint-Alban op Berre l'Étang gaangen.
E Freideg gouf et bei Paris-Nice déi lescht Chance fir d'Sprinter an déi hunn dës och genotzt. Bei nees schwierege Wiederkonditiounen huet sech de Mads Pedersen d'Victoire geséchert. D‘Plazen zwee an dräi ware fir déi zwee Britte Joshua Tarling a Sam Watson. De Bob Jungels gouf als beschte Lëtzebuerg den 13. op 17 Sekonnen.
Leader am General bleift den US-Amerikaner Matteo Jorgensen. Hien huet 40 Sekonnen Avance op den Däitsche Florian Lipowitz. Hei ass vun den dräi Lëtzebuerger de Kevin Geniets am beschte placéiert. Hien ass den 23. op ronn 10 Minutten.
Déi 6. Etapp gouf nees ënner ganz schwéiere Wiederkonditioune gefuer an dat nees mat enger ganz héijer Moyenne (47,4 km/h). Relativ séier nom Depart haten déi zwee Fransouse Rémy Cavagna an den Thomas Gachignard et an d‘Echappée gepackt. Méi spéit ass de Spuenier Jakub Otruba nach dobäi komm. Hir Avance ass bis op maximal 3 Minutten eropgaangen.
Virun allem déi hollännesch Formatioun Visma-Lease a Bike huet fir vill Onrou am Peloton gesuergt. An der Descente vu Beaux-de-Provence hu si am Peloton kollektiv attackéiert an dësen ass doropshin an e puer Stécker gefuer. De Bob Jungels hat et gepackt, fir am éischte Peloton ze bleiwen. Awer net de Kevin Geniets an den Alex Kirsch. Si waren an den zweete Grupp zeréckgefall.
Noeneen hunn de Gachignard an den Otruba an der Echappée lass gelooss, esou datt just nach de Cavagna iwwreg bliwwen ass. Awer och hie gouf eng 40 Kilometer virun der Arrivée vum Grupp mam Bob Jungels agefaangen.
Am Spëtzegrupp goufen et op de leschte Kilometer keng Attacken, esou datt d'Decisioun am Sprint gefall ass. Hei war den Dän Mads Pedersen deeSéiersten. D‘Plazen zwee an dräi ware fir déi zwee Britte Joshua Tarling a Sam Watson.
De Bob Jungels gouf den 13. op 17 Sekonnen. De Kevin Geniets fiert als 32. iwwer d‘Arrivée, mat engem Retard vun 1 Minutt a 54 Sekonnen. Den Alex Kirsch gouf den 38. op 2 Minutten a 7 Sekonnen.
Leader am General bleift den US-Amerikaner Matteo Jorgensen. Hien huet 40 Sekonnen Avance op den Däitsche Florian Lipowitz.
E Samschdeg waart d'Kinneksetapp op d'Coureuren. Opgrond vun de Wiederkonditiounen ass dës gekierzt ginn. Fir d'Coureure stinn elo eng 40 Kilometer manner um Programm.
D'Klassement vun der Etapp
1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 4:25:37
2 TARLING Joshua INEOS Grenadiers ,,
3 WATSON Samuel INEOS Grenadiers ,,
4 ZINGLE Axel Team Visma | Lease a Bike ,,
5 SOBRERO Matteo Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
6 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers ,,
7 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
8 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
9 SCHACHMANN Maximilian Soudal Quick-Step ,,
10 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers ,,
...
13 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 0:17
32 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:54
38 KIRSCH Alex Lidl - Trek 2:07
De General
1 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 20:52:57
2 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 0:40
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:59
4 ARENSMAN Thyme INEOS Grenadiers 1:20
5 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 2:40
6 FOSS Tobias INEOS Grenadiers 2:47
7 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers 2:54
8 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG 3:05
9 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team 3:22
10 TEJADA Harold XDS Astana Team 3:24
...
23 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 10:10