Tadej Pogacar start eng éischte Kéier beim Klassiker Paris-Roubaix

© AFP
Den Tadej Pogacar huet de Spekulatiounen en Enn gesat an iwwer seng Ekipp elo de Start beim Klassiker Paris-Roubaix confirméiert.
Laang hat den Tadej Pogacar e Geheimnis aus senge Pläng a puncto Depart beim Monument am Vëlossport gemaach. De Weltmeeschter aus Slowenien huet um Mëttwoch iwwer seng Ekipp UAE Team Emirates ëffentlech gemaach, datt hien den 13. Abrëll beim Klassiker Paris-Roubaix am Norde vu Frankräich eng éischte Kéier wäert un den Depart goen.
Fir sech optimal op de Klassiker ze preparéieren, huet hie säi Course-Programm ugepasst. Hien huet déi bis ewell virgesinne belsch Eendagescourssen E3 Saxo Classic (28. Mäerz) a Gent - Wevelgem (30. Mäerz) aus sengem Programm gestrach, fir dofir den Doublé aus Tour des Flandres (6. Abrëll) a Roubaix (13. Abrëll) an Ugrëff ze huelen.
D'Coursse ginn op RTL live iwwerdroen.
Net all Coureur wäert sech iwwer dës Annonce freeën. Op e Video, deen de Pogacar virun e puer Wochen an de soziale Medie publizéiert hat, huet ënnert anerem de Jasper Philipsen geäntwert: "Please not".