Succès bei "À travers la Flandre" fir den Neilson Powless

© AFP
Bei "À travers la Flandre" goung et e Mëttwoch iwwer ronn 184 Kilometer vu Roeselare op Waregem.
Den Neilson Powless huet sech aus enger Echappée eraus d‘Victoire bei "À travers la Flandre" no 184 Kilometer geséchert. Den Amerikaner setzt sech an engem Véierer-Sprint géint déi zwee Belsch Wout van Aert an Tiesj Benoot duerch. Allebéid vu Visma-Lease a Bike.
Mam Semi-Klassiker "À travers la Flandre" gouf e Mëttwoch eng weider Preparatiounscourse en Vue vum Tour des Flandres gefuer. Allerdéngs ware mam Mathieu van der Poel an dem Tadej Pogacar zwee Leit net um Depart, déi e Sonndeg bei der "Ronde" zu den Toppfavoritten zielen. Och den Alex Kirsch ass kuerzfristeg net den un den Depart gaangen. De Lëtzebuerger Profi ass krank.
Et huet eng 60 Kilometer gedauert, bis sech eng Echappée konnt vum Peloton ofsetzen. Allerdéngs kruten déi 8 Mann, déi mat dra waren, kee richtege Bon de Sortie vum Peloton. Virun allem well d‘Ekipp vum Wout van Aert fir een héijen Tempo gesuergt huet. An der Hallschent vun der Course gouf d‘Echappée vum Peloton geschléckt.
Kuerz drop goufen et awer nees Konterattacken. Den dänesche Champion Rasmus Pedersen a säi Compatriote Mikkel Bjerg kruten eng maximal Avance vun 1 Minutt a 15 Sekonnen. Intercaléiert tëscht deenen 2 an dem Peloton waren nach den Amerikaner Neilson Powless, de Belsch Fabio van den Bossche an de Britt Joshua Tarling. 72 Kilometer virun der Arrivée koum et zum Regruppement vun deene 5 Leit. Deen Ament konnten awer och 4 Leit vu Visma- Lease a Bike mam Wout van Aert sech aus dem Peloton detachéieren a bei déi 5 Leit an der Echappée bäifueren.
Beim 2. Passage vun der Côte de Trieu ass d‘Echappée ausenee gefuer an de Mads Pedersen huet am klenge Spëtzepeloton acceleréiert. Den Dän huet et awer net fäerdegbruecht, bei de Grupp mam van Aert bäizefueren. De Bob Jungels an den Arthur Kluckers waren net méi am éischte Peloton. An der Echappée waren nach 4 Leit. Mam Matteo Jorgensen, dem Tiesj Benoot an dem Wout van Aert waren et der 3 vu Visma-Lease a Bike an nach den Neilson Powless vun EF Education-Easypost. Uewen um Eikenberg, eng 40 Kilometer virun der Arrivée, hate si eng Avance vu 40 Sekonnen op ee Grupp mam Mads Pedersen.

Och iwwer déi Paweesecteuren an de leschte 35 Kilometer hunn d‘Spëtzeleit et fäerdegbruecht, d‘Avance bei ëm déi 45 Sekonnen ze halen.
Am Sprint fir d‘Victoire huet den Neilson Powless déi 3 Leit vu Visma-Lease a Bike geklappt. Et sinn déi grouss Verléierer vun dëser Course.
De Bob Jungels gouf de 76. op 5 Minutten an 8 Sekonnen. Den Arthur Kluckers huet opginn.