
An der “Hell vum Norden” konnt sech de Belsch am Duell mam Tadej Pogacar duerchsetzen. Deementspriechend emotional war dem Wout van Aert seng Reaktioun no senger grousser Victoire, déi hie sengem verstuerwenen Teamkolleeg Michael Goolaerts dediéiert huet, deen 2018 am berüchtegte Klassiker säi Liewe gelooss hat.
Mee och bei de Kolleege vun der internationaler Press huet de belsche Profi grouss Reaktiounen ausgeléist. De Cyril Saugrain an de Rodrigo Beenkens, déi fir d’RTBF kommentéiert hunn, si wuertwiertlech mam Wout van Aert aus dem Suedel gaangen:
Bei Eurosport waren déi zwee franséisch Commentateuren och total euphoriséiert, wéi et op den ultimative Sprint erausgelaf ass. Deen een hees vum Bierelen, deen aneren huet direkt no der Arrivée vu Freed säi Kask an den Eck gehäit an ass vu lauter Freed aus dem Studio gelaf:
En italieeneschen Eurosport-Commentateur war sou ergraff nom Wout van Aert senger Victoire, dass him no der Arrivée am Vélodrome d’Tréine komm sinn:
Ënnerwee op der Streck ware sëllege Fans via Livestream dobäi, wéi hiren Held sech am Sprint duerchsetze konnt:
Souguer am belsche Futtballchampionnat war Paris-Roubaix en Thema. No der Partie vun der Union Saint-Gilloise zu Mechelen si vill Fans am Stadion bliwwen an hunn um groussen Ecran dem Wout van Aert seng Victoire live materlieft: