Duell tëscht dem Hollänner Mathieu van der Poel an dem Sloween Tadej Pogacar?
Um Sonndeg gëtt am Vëlossport ee vun der gréisste Klassiker vun der Saison gefuer. Déi 109. Editioun vum Tour des Flandres geet iwwer 269 Kilometer.
Allgemeng versprécht ee sech een Duell tëscht dem Hollänner Mathieu van der Poel an dem Sloween Tadej Pogacar. Op engem Parcours mat ville Schwieregkeete kéint et awer och eng Iwwerraschung ginn.
Zanter dëser Saison fiert de Bob Jungels fir d'Ekipp Ineos Grenadiers. De fréiere Vainqueur vu Léck-Baaschtnech-Léck huet mam Filippo Ganna sécher en Outsider a senge Reien. De Ganna war Zweete bei Mailand - San Remo a bei der E3 Saxo Classic, déi als Generalprouf fir den Tour des Flandres gëllt, den Drëtten. Ineos ass déi lescht Wochen aggressiv gefuer an huet d'Coursse mat animéiert. Nieft dem Bob Jungels ass mam Arthur Kluckers (Tudor) nach e weidere Lëtzebuerger um Depart.
Am Moment si vill Coureure krank, dowéinst huet och den Alex Kirsch misse Forfait erklären a konzentréiert sech lo op Paris - Roubaix. Déi 2 grouss Favoritte fir den Tour des Flandres heesche Van der Poel a Pogacar. Den Hollänner kéint mat enger weiderer Victoire als éischte Coureur iwwerhaapt fir déi véierte Kéier gewannen.
Um Sonndeg si mir vu 14 Auer u live fir Iech beim Tour des Flandres vun den Hären dobäi. D'Arrivée ass géint 16.30 Auer virgesinn.
Och d'Damme fueren den Tour des Flandres. Mam Nina Berton ass e Sonndeg eng Lëtzebuergerin um Depart. Hei ass d'Arrivée fir 17.30 Auer virgesinn.