E Sonndeg gëtt am Norde vu Frankräich Paris-Roubaix gefuer. Tëscht Compiègne a Roubaix sinn 259,2 Kilometer ze fueren.

Am Norde vu Frankräich brauch et eng gutt Form, Courage an och déi néideg Chance, fir um Enn ganz vir ze sinn. Nodeems den Tadej Pogacar de leschte Sonndeg den Tour des Flandres dominéiert hat, kann een dovunner ausgoen, datt hien och e Sonndeg bei senger éischter Participatioun vu Paris-Roubaix ganz vir dobäi ass.

Et gëtt näischt, wat hien net kann. Den aktuelle Weltmeeschter Tadej Pogacar iwwerrascht ëmmer nees mat sengem Talent a léisst der Konkurrenz dacks nëmmen den zweete Präis. Den dräifachen Tour-Vainqueur hat virun déck zwou Wochen decidéiert, dann elo fir déi éischte Kéier a senger Karriär och bei Paris-Roubaix un den Depart ze goen.

Seng Konkurrente sinn déi selwecht wéi de leschte Weekend. De Mathieu van der Poel huet Paris-Roubaix bis elo zwee Mol gewonnen a kéint op en Neits dee geféierlechste Géigner vum Weltmeeschter sinn. Och dem van der Poel säi Coequipier Jasper Philipsen stoung déi lescht zwee Joer als Zweete mat um Podium. Mads Pedersen, Wout van Aert, Filippo Ganna a Stefan Küng sinn och ganz wäit vir ze erwaarden.

E Sonndeg ass Wand an eventuell Ree gemellt. Mat dem dréchene Wieder aus de leschten Deeg kéint et dann op deenen drësseg Secteure mat Pawee richteg schmiereg a glat ginn.

Première fir den Arthur Kluckers

Aus Lëtzebuerger Siicht geet den Arthur Kluckers fir d'Ekipp Tudor Pro Cycling Team un den Depart. Fir de 25 Joer ale Coureur ass et déi éischt Participatioun. D'Ekipp vum Lëtzebuerger hat d'lescht Woch beim Tour des Flandres mat Haller an Trentin bis an d'Finall Coureure mat vir dobäi, déi awer um Enn, wéi vill anerer, de Grupp mat de grousse Favoritten hu missen zéie loossen.

De Lëtzebuerger freet sech schonn op d'Course. Hien erwaart sech eng séier Course an där et fir hien a seng Coequipiere wichteg wier, fir aktiv ze sinn an de Favoritten e Schratt viraus ze sinn, sou den Arthur Kluckers am RTL-Interview.

Wien e Sonndeg géint 16.30 Auer als Éischten am Vëlodrome zu Roubaix ukënnt, dat gesitt Dir bei eis op der Tëlee an am Stream live vu 14 Auer un.

D'Dammecourse vu Paris-Roubaix gëtt e Samschdeg gefuer. Hei ass mam Nina Berton eng Lëtzebuergerin um Depart.